Carl Davis "Den Charlie huet déi gréissten Déift"

De Carl Davis ass e grousse Fan vum Charlie Chaplin. Dëst Joer vertount den Dirigent "The Gold Rush" mam OPL. Am Gespréich schwätzt hien iwwer seng Relatioun zu Lëtzebuerg, zum Kino an zum Tramp.

Cléo Thoma / Guy Engels / ys

Charlie Chaplin

Live-Vertounung vu Stommfilmer, dat ass d'Spezialitéit vum Carl Davis. Zanter bal 30 Joer kënnt den amerikaneschen Dirigent a Komponist op Lëtzebuerg, fir mam OPL ze schaffen. Dëst Joer feiert hie säin 80. Gebuertsdag. A senger Carrière huet hie schonn alles vertount, vu Komedien iwwer Western, vun historesche Filmer bis Libesgeschichten. Dobäi war et him ëmmer wichteg, eng Diversitéit ze hunn.

"Technesch bréngt all Film déi selwecht Erausfuerderung: Dir hutt den Orchester an et ass live, sou wéi dat bis 1928 oder 29 an de Kinoe gemaach gouf.Mäin Job ass et, d’Musek ze schreiwen, z'arrangéieren an duerfir ze suergen, datt se mam Film synchroniséiert ass. Also datt et sech sou ufillt, datt d’Musek dem Film hëlleft, an zum Film gehéiert. Wa mir richteg gutt a Form sinn, da vergësst de Publikum d’Musek. Dann zitt si e regelrecht an de Film eran."

The Gold Rush

Bei der Live Cinema Editioun 2016 steet den 19. an 20. Mäerz dem Charlie Chaplin säi "Gold Rush" op der Affiche. D'Komedie erzielt iwwert Goldgriewer am Klondyke am Joer 1898. De Personnage vum Charlie erlieft dobäi allerhand spannend a geféierlech Zeenen. Vill dovunner an enger Hütt am Schnéistuerm, déi iergendwann iwwert dem Ofgrond hänkt

"Natierlech wësse mir, datt et eng Komedie ass, an datt d’Leit wäerte laachen. Mä de Film leeft ëmmer weider, an ech kann net waarde bis d’Leit fäerdeg gelaacht hunn. Ech si connectéiert mam Film: soubal en ufänkt, da sinn ech de Sklav vum Film."

Fir d’Musek fir bei The Gold Rush konnt de Carl Davis op Melodien zeréckgräifen, déi den Charlie Chaplin selwer 1942 komponéiert hat. 15 Joer no der Originalversioun vum Stommfilm hat hien d'Wierk iwwerschafft, nei montéiert an eng Art Voix-Off dropgesat. D'Versioun vum Davis orientéiert sech awer nees un der Stommfilm-Versioun.

Dem Charlie seng Mënschlechkeet

De Carl Davis verstoppt hien net, datt hien e grousse Fan vum Chaplin ass: "Ech fannen, hien huet déi meeschten Déift. Et kann ee jo soen, de Lloyd ass méi witzeg, an de Keaton ass méi gelungen, an och extrem witzeg. An natierlech sinn si all erstaunlech Athleten an Turner, déi onheemlech geféierlech Saache maachen. Mä den Charlie huet eng Mënschlechkeet wéi kee vun deenen aneren zwee. Wann een den Charlie kuckt, dann erkennt een eppes an him erëm: hie versicht um einfachsten Niveau z'iwwerliewen."

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

David Ianni
Pianist a Komponist

Zanter senger Kandheet komponéiert den David Ianni. Seng harmonesch Musek steet fir dat Gutt, fir Gléck an Hoffnung. Schif Téin si géint seng Natur. Seng Kraaft zitt de Pianist aus dem Glawen.

Sova Stroj
Sova Stroj

Wéi wär et, wann d'Mënsche géifen ophale sech ze reproduzéieren? Där Fro geet de Lëtzebuerger Ambient-Museker Sova Stroj op sengem éischten Album no. D'Resultat ass experimentell awer accessibel.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen