Barock Musek Déi gëlle Barock-Ära

Zanter Enn der 90er Jore schafft de Carlo Jans, Professer fir Flütt am Stater Conservatoire an Dirigent, reegelméisseg fir divers CD-Produktiounen, mee och fir Concertsprojete mam Lettesche Philharmonesche Kammerorchester.

Manuel Ribeiro / cbi

L'âge d'or de la musique baroue

Den Trompettist Pierre Kremer huet och scho méi dacks matgemaach an verschidde Concerti aus dem Barock agespillt.

"Deen Orchester huet eng immens laang Traditioun. En ass duerch seng laang Geschicht staark influenzéiert duerch déi russesch Geieschoul, awer kombinéiert mat engem däitsche Sënn fir Stil. Et muss ee soen, wat do exzellent ass, ass datt een esou spillt, wéi deen aneren. Dat kënnt wéi aus engem Goss. De Klang vum Orchester ass schonn ausseruerdentlech".

Fir den neien Disk "L'âge d'or de la musique baroque" huet de Carlo Jans an de Pierre Kremer awer och den Estro Armonico aus Lëtzebuerg an den Organist Paul Kayser mat an d'Boot geholl.

Um Disk sinn Transkriptioune fir Trompett vu Concerti vum Tomaso Albinoni, Johann Sebastian Bach an Alessando Marcello agespillt. De Carlo Jans ass och an engem Concerto fir Flütt vum Johann Sebastian Bach ze héieren.

Den Disk, dee fir e gudden Zweck geduecht ass, ass ze kréie beim Lions Club Mameranus.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Dmitri Shostakovich
Klassik-CD vun der Woch

Den Ivan Pochekin interpretéiert dem Dmitri Schostakowitsch seng zwee Geieconcertoe mat engem immens düsteren an intensive Klang. Begleet gëtt hie vum ganz dynamesche Russian National Orchestra.

Ivan Boumans
International Classical Music Awards

Op Virschlag vum radio 100,7 a vu pizzicato.lu kritt den Ivan Boumans de Composer Award 2020. De Präis fir d'Liewenswierk geet dëst Joer un d'Pianistin Elisabeth Leonskaja.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen