"Joe The Cat 20" dréit ëm d'Kaz vu Frënn vum Georges Goerens, déi hien am Confinement net méi konnt besiche goen, obwuel si no bäi géife wunnen. Hien hätt wéilten d'Verännerung an der Alldeeglechkeet vun engem Dag op deen aneren duerstellen. "Wat gesinn ech, wéi fillen ech mech grad ..."
Et hätt eng Melancholie am Alldag ginn, seet de Georges Goerens. D'Deeg géife versträichen an een Dag géif sech deem anere gläichen. Hien hätt sech virgestallt, wéi eng Kaz dat erlieft, déi guer keen Alldag hätt a keng Verännerung géif gesinn, ausser d'Mënschen, déi méi doheem wieren.
Hie wier awer och op eng "mauvaise foi" an der Gesellschaft opmierksam ginn. "Deen een ass deem anere säi Wollef, all Mënsch spillt Polizist, an dobäi hu mir guer keen Abléck an d'Liewensrealitéite vun den eenzele Mënschen. Wie leit ënner Depressiounen? Wien ass vläicht eng elengerzéiend Mamm mat dräi Kanner an enger klenger Wunneng? An dat am Rapport zu Leit, déi a risegen Haiser wunnen ..."
Et wier net fir jiddwereen d'selwecht einfach fir sech un d'Reegele vum Confinement ze halen, esou de Sänger. Eng ganz absurd Anekdot wieren amerikanesch Milliardäre gewiescht, déi mat hire Yachte geschriwwen hätten "we are all in this together". Dat hätt dat verdréitent Verständnis vu Solidaritéit fir hien op d'Spëtzt gedriwwen.
Hien hätt d'Zäit vum Confinement gebraucht, seet de Georges Goerens. U senge Lidder géif et vill Chantiere ginn, déi Zäit gebraucht hätten. "Ech mengen, ech hätt mir déi Zäit net geholl, wann de Corona net dertëschent komm wier."
Seng Stécker hätte vill méi eng Déift kritt, doduerch datt hien d'Zäit gehat hätt fir mat engem gewësse Recul doriwwer ze goen.