Bobby Bieles De Sample vun der Woch: The Main Ingredient - Summer Breeze

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / sam

e5.jpg

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt. Fir d'éischt huet den Trio sech Poets, kuerz drop The Insiders a schlussendlech am Joer 1968 The Main Ingredient genannt.

Enn vun de 60er an Ufank vun de 70er Jore brénge si eng ganz Rei méi oder manner erfollegräich Albumen eraus, dorënner: "LTD", "Tasteful Soul" a "Black Seeds".

Mat neiem Sänger zu direktem Erfolleg

Ënner der Leedung vum Plackeproduzent Bert DeCoteaux erreechen The Main Ingredient 1970 fir d'éischte Kéier d'R&B Top 30 Hits mat hirem véierten Album: "Bitter Sweet". Mee no e puer Hits stierft leider hire Lead-Sänger Don McPherson mat nëmmen 29 Joer u Leukemie.

Fir weider kënnen ze touren, ersetzen déi zwee aner Membere vun der Grup, den Tony Silvester an den Luther Simmons, dee verstuerwene Sänger duerch hiren deemolege Backup Sänger, de Cuba Gooding Senior. Dat war keen anere wéi dem Cuba Gooding Junior, deem bekannten Hollywood Schauspiller, säi Papp. Mat him hu si eigentlech direkt Erfolleg a bréngen 1973 "Afrodisiac" eraus a just herno déi Plack, ëm déi et hei geet: "Euphrates River", hire sechsten Album.

Op dëser Plack gëtt et zum Beispill den Hit "Just Don't Want to Be Lonely" an eng Reprise vum Stevie Wonder sengem Lidd "Don't You Worry 'Bout a Thing". Den Album weist der Grupp hir meeschterhaft Gesangsqualitéiten a Musikalitéit. Si kënne sech Lidder aus ganz verschiddene Quellen einfach appropriéieren an eppes ganz Neies doraus maachen.

Summer Breeze

"Summer Breeze" staamt ursprénglech vum amerikanesche Soft-Rock-Duo Seals and Crofts vun 1972. D'Lidd gouf och vun den "Isley Brothers" am Joer 1973 gecovert, mee déi eenzeg Versioun, déi reegelméisseg gesampelt gëtt, ass déi vu The Main Ingredient.

Déi düster Drums a Keyboards vum Ufank vum Lidd goufen Dosende Mol am Hip-Hop gesampelt, woubäi déi bekanntste Versioun déi vum Notorious BIG bleift. Déi puer éischt Noute vu sengem "Things Done Changed" sinn effektiv direkt erkennbar. De Biggie schwätzt hei iwwer Drogeproblemer a wéi "Crackcocaine" d'Stroossen a sengem Quartier iwwer d'Joren ëmmer méi geféierlech gemaach huet. Dat war dat éischt Lidd nom Intro op sengem éischten Album "Ready to Die" vun 1994.

D'Lidd gouf och puer Joer drop vu Fünf Sterne Deluxe benotzt. Das Bo, Tobi Tobsen, DJ Coolmann a Marcnesium hunn dat op hirem Album "Sillium" vun 1998 gesampelt.

E lescht Beispill ass eent vun de manner bekannte Lidder vun der Kult Grupp Portishead. Si maachen 1994 d'Lidd "Earth Linger" op hirer EP "Numb" doraus.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen