Eurosonic Noorderslag Festival 2023 De Rapper Maz invitéiert an d'"Emo-Season"

De Maz vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic-Festival. Experimentatioune mat verschiddene Museksstiler änneren näischt drun, datt de Maz ee jonke Museker ass, deen eppes ze soen huet. Hie war Invité bei eis am Studio.

Marc Clement / cbi

Maz

Zu Theeme wéi mental Gesondheet, Gender- oder Gesellschaftserwaardungen dréngen dem Rapper seng Texter duerch a sinn an intensiv Musek gepaakt.

Nominatioun fir den Eurosonic-Festival

Dëst ass nëmmen eng vun e puer Ursaachen, firwat den 100,7 de Maz ausgewielt huet, fir de Lëtzebuerger Musekernowuess um Eurosonic Noorderslag Festival ze representéieren, deen tëscht dem 18. an dem 21. Januar zu Groningen an Holland organiséiert gëtt.

"Op der Bün, där Plaz, wou ech mech am liewegsten an am beschte spieren, well ech all déi Emotiounen duergoen - well ech do och am éierlechste mat mir selwer sinn."

Mat engem Drummer-Kolleeg Ricardo Thomasini gëtt et op der Bün eng besonnesch Symbios, well de Beat vu béide Museker gläichzäiteg geduecht gëtt a sech mam Flow vereent.

International Kontakter

D'Eurosonic-Nominatioun wäert dem Maz hëllefen, Kontakter am Ausland ze knäppen a seng Musek iwwer d'Grenzen eraus bekannt ze maachen.

An dëse Saachen ass hie scho keen Noviz méi, an een Optrëtt leschten August um Sziget Festival an Ungarn huet hien à l'appui.

Am Studio huet de Maz live säin Titel "Eyeliner" gerappt, eng Hymn un de Selbstausdrock entgéint dem Diktat vu Geschlechterrollen.

Méi zum Thema

Maz
Showcase Festival

De Maz vertrëtt Lëtzebuerg am Januar beim Eurosonic Festival, dat op Invitatioun vum radio 100,7. Et ass dee gréissten europäesche Showcase Festival, wou all Joer nei Talenter entdeckt ginn.

The Cool Greenhouse - Eurosonic
The Next Big Thing?

Beim Eurosonic sichen d'Festivalen all Joer am Januar no neien Talenter an de Beräicher am Pop a Rock. D'Editioun 2021 war reng digital. Hei sinn déi wichtegst Nimm an hir Live-Sessions am Video.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen