Solistes Européens, Luxembourg De Jérôme Wigny ass neie President

D'Solistes Européens, Luxembourg gi mat engem neie President an déi nei Saison: de Jérôme Wigny iwwerhëlt dës Charge vum Eugène Prim, deen zanter der Grënnung 1989 un der Spëtzt vum Orchester stoung.

Guy Engels / ys

SEL
D'Solistes Européens, Luxembourg

"Mir wëllen d’Zukunft verbreeden", seet den Eugène Prim. De Matgrënner vun de Solistes Européens, Luxembourg zitt sech net aus dem Orchester zeréck. Hie bleift als Directeur général, wou hie weider verantwortlech ass fir Dagesgeschäft.

Aus Altersgrënn wollt den Eugène Prim selwer de Wiessel aleeden. De Verwaltungsrot vun de Solistes Européens, Luxembourg huet sech dowéinst fir eng Restrukturatioun decidéiert - mam Jérôme Wigny als neiem President an enger Direction générale, déi aus dräi Leit besteet: den Eugène Prim, de Chefdrigent Christophe König an Directrice administrative Anne Pierron.

Dës Ëmstrukturéierung ass an Ofsprooch mam Chefdirigent Christoph König geschitt, deen an Aussiicht gestalt huet, säin aktuelle Kontrakt iwwer 2019 eraus ze verlängeren.

Mam Jérôme Wigny, vu Beruff Spezialist vun Investmentfongen, iwwerhëlt een erfuerene Mann d'Presidence vun de Solistes Européens. Deen neie President ass scho laang Member vum Verwaltungsrot. Hie war virdrun Vizepresident an ass och Vizepresident vun den Amis de l'Opéra.

Méi zum Thema

Jean Muller
Musikalesch Visittekaart

Als unerkannten internationale Kënschtler ass de Pianist Jean Muller bestëmmt ee vun deene beschte Museksambassadeuren zu Lëtzebuerg. Säi Museksgoût hält awer net bei der Klassik op.

Christoph König
Solistes Européens Luxembourg

Den Orchester Solistes Européens, Luxembourg spillt zu onrecht déi zweet Gei, fënnt de Christoph König. Den Dirigent fuerdert méi Unerkennung a wëll den Ensemble international positionéieren.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen