Elektronesch Musek De Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

De Produzent Cleveland wäert am Januar um Eurosonic Festival optrieden. De radio 100,7 huet den Artist fir dee wichtege Showcase-Event selektionéiert. Dësen Optrëtt kéint him grad nach gefeelt hunn.

Yves Stephany

Cleveland
Cleveland (Foto: Victor Pattyn)

De Cleveland kéint vum Optrëtt um Eurosonic Festival profitéieren, fir senger Carrière een zousätzleche Boost ze ginn. Hien huet Musek op de renomméierte Labele "White" an "Hivern Disks" erausbruecht an huet rezent op wichtege Plaze gespillt. Zum Beispill um Primavera Festival zu Barcelona oder am legendäre Berghain Club zu Berlin. Dem Lëtzebuerger säin DJ-Set am Boiler Room gouf op Facebook iwwer 55.000 mol gekuckt.

De Cleveland, alias Andrea Mancini, mécht elektronesch Danzmusek. An deem Kader geléngt et him, trotz alle Contrainte vum Genre, eng Narratioun a seng Kompositiounen anzeflechten. Ëmmer nees iwwerrascht hie mat subtille Melodien a verdreemtenen Ambiancen, ouni dobäi d’Danzpist ze vergiessen.

Sprangbriet Eurosonic

Um Eurosonic wäert de Cleveland op där selwechter Bühn optrieden, op där Artiste wéi den James Blake hir Carrière lancéiert hunn. De Eurosonic ass ee Showcase-Festival, deen haaptsächlech vu Professsionellen aus der Museks-Branche besicht gëtt. Hei gëtt decidéiert, wéi eng Kënschtler am Summer op deene groussen Festivale wäerten optrieden.

Den Eurosonic geet vum 11. bis den 13. Januar 2017 an där klenger, hollännescher Stad Groningen iwwer d'Bühn. 2015 hunn 345 Gruppen a Museker virun 42.100 Visiteure gespillt. Am Zentrum sinn iwwer 40 Cluben, Theateren a Caféen, an deene Concerten organiséiert ginn.

Als Member vun der European Broeadcasting Union designéiert de radio 100,7 all Joer ee Museker oder eng Grupp vu Lëtzebuerg, déi um Eurosonic kann optrieden. D’Critèrë fir de Choix sinn d’Qualitéit an d’Pertinenz vun der Musek. Donieft mussen d’Kënschtler awer och schonn Efforte gemaach hunn, fir hir Musek an d’Ausland z’exportéieren. Nëmmen esou kënne si bei dësem Event op sech opmierksam maachen an d’Promoteuren op hire Concert lackelen.

Eurosonic Festival: https://www.eurosonic-noorderslag.nl/en/

Méi zum Thema

Musek-Streaming
Wirtschaftschronik

Musek-Streaming a Piratage veränneren de Geschäftsmodell vun der Museksindustrie weltwäit. Fréier si Museker wéi de Mick Jagger oder de Prince mat hirer populärer Musek räich ginn. Dat war emol.

Philippe Hansen
Rentrée beim 100,7

Mat der Rentrée lafen um radio 100,7 nei Sendungen. "Espresso Beats" bitt d'Geleeënheet, d'Mataarbechter vum Radio besser kennen ze léieren. De Philippe Hansen erzielt, wat Iech erwaart.

Musekfans um RAF
Festival-Kultur

De Rock-A-Field war dës Joer bal kuerzfristeg annuléiert ginn. An 2017 kann een nees mat engem Food For Your Senses rechnen. Dat gouf ee bei enger Diskussioun iwwer Festivalkultur zu Lëtzebeurg gewuer.

Cyclorama
Radioen

Komponiste kloen, et géif net genuch Lëtzebuerger Musek op de Lëtzebuerger Radioe gespillt ginn. De Prozentsaz ass effektiv niddereg. Dofir sinn zum Deel awer d'Kënschtler selwer responsabel.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen