Interview De Bolis Pipul spillt op der Reouverture vum Gudde Wëllen

Muer den Owend feiert de Gudde Wëllen seng éischt richteg Reouverture zanter de COVID-19 Mesuren, um 22 Auer geet et lass. Op der Affiche stinn net nëmmen d'Indie-Rocker vu Leen, den DJ Chook an de Good Boy, mee och ee gewëssene Bolis Pupul, dee mat enger Hellewull analoger Synthesizer soll ukommen.

Marc Clement / cbi

Bolis Pupul
Foto: Jorre Janssens

Den aus Hongkong stamende Belsch war iwwer säi Papp schonn als Kand mam Soulwax-Member Stephen Dewaele befrënnt, deen hien a senger Léift fir d'Musek ënnerstëtzt huet. No engem Stage beim Soulwax-Label "Deewee" krut hien d'Geleeënheet, eng Plack um Label erauszebréngen.

No éischten Erfarungen a Rockbands mécht hie vun 2006 u just nach elektronesch Musek. Op de Spuere vu Vangelis, Patrick Cowley an ale Krautrock-Helden trëtt hie mat Synthesizeren an Drummachines op.

Rezent ass d'Musekswelt och op d'Collaboratioun tëscht dem Bolis Pupul an der Sängerin Charlotte Adigéry aus der Martinique opmierksam ginn, déi sech schonns zanter hirer éischter EP opgebaut huet. Hei krut hie fir seng elektronesch Programmatioune vill Luef an der internationaler Press.

Op der Gudde-Wëlle-Party muer den Owend gëtt et vun him een danzbare Set, dee ganz live mat e puer Synthesizer, Effekter an Drumloops improviséiert gëtt. Net verpassen!

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

SUUNS
Musek

Zentral fir d'Roll vun engem Zeien ass säi Bléck. "The Witness", déi nei a fënneft Studioplack vun der kanadescher Band Suuns ass een Album iwwer Blécker, Gewëssensfroen a Selbstzweiwel.

The Tame And The Wild + Usel
Nei Single made in Luxembourg

Wéi kléngt et, wann eng Indie-Pop-Band sech mat engem Hardcore-Sänger zesummendeet? Déi nei Single vun "The Tame And The Wild" ass erstaunlech harmonesch. A fir d'éischte Kéier gëtt op Däitsch gesongen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen