Wäiss a Schwaarz David Ianni

Mat 16 Joer hëlt den David Ianni d'Decisioun Komponist wëllen ze ginn. Den Ausléiser dofir war säi Stéck "Night of Tears", an deem hien eng traureg Erfarung positiv verschafft huet. An der Emissioun Wäiss a Schwaarz gëtt den David Ianni en Abléck an dës Decisioun an an d'Hannergrënn, déi hien zu weidere Stécker geféiert hunn. Gläichzäiteg interpretéiert hie verschidde vu senge Wierker um Fligel a retracéiert mat Tounbeispiller seng kompositoresch Iddien. Um Programm stinn nieft "Night of Tears" och d'Stécker "Forever", "Lamento", "Adieu" an "Timelessness".

Luc Boentges

Untitled_1.8.4.jpg

2016 schreift den David Ianni "Timelessness". An dësem Stéck dréckt hien dat Éiwegt, eng onendlech Rou déi am Hannergrond matschwéngt musikalesch aus. Entstanen ass "Timelessness" an enger Zäit an där de Komponist op där enger Säit iwwer Museksvideoen op Social media an den direkte Kontakt mat sengen Nolauschterer getrueden ass, op där anerer Säit awer och eng Partie Projeten an d'Waasser gefall sinn.

"Dat sinn déi Geschichten, déi een esou dobaussen natierlech net matkritt. Um Radio zielen ech net, wat alles net geklappt huet, awer ech kann Iech soen, et klappt méi net wéi, wéi datt et klappt, hunn ech heiansdo den Androck."

D'Decisioun Komponist ze ginn hëlt den David Ianni am Alter vu 16 Joer. Zwar hätt hien och schonn als Kand scho Musek geschriwwen, allerdéngs wier hien der Opfaassung gewiescht, datt seng Musek ze tonal fir eng Zäitgenëssesch Kompositioun wier. No de Reaktiounen, déi hien op säi Stéck "Night of Tears" kritt huet, hätt hie schlussendlech decidéiert méi an d'Richtung vun der Kompositioun ze goen. Entstanen ass "Night of Tears" nodeems seng éischt grouss Léift an d'Bréch gaangen ass. Erauskomm ass eng Kompositioun mat enger Approche, déi sech och a senge spéidere Wierker ëmmer erëm spigelt.

"Ech mengen dat ass och oft bei menge Museksstécker esou, datt déi zwar duerch en trauregt Evenement inspiréiert gi sinn an och op d'éischt Lauschtere vläicht traureg wierken am Endeffekt awer ëmmer voller Hoffnung schwéngen. Well ech hunn et jo net geschriwwen, fir mech selwer ze bedaueren, mee fir mech erauszehuelen aus där traureger Stëmmung."

An der Mediathéik:

Wäiss a Schwaarz / / Luc Boentges
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen