Musek aus dem Confinement Daniel Balthasar: The Man In The Box

"The Long Lost Art Of Getting Lost" heescht den neien Album vum Daniel Balthasar. Dat Besonnescht dorun? Déi zéng Songs goufe vum Sänger an enger grousser Kartongskëscht opgeholl a produzéiert.

Yves Stephany

Den Daniel Balthasar an der Këscht
Foto: Véronique Kolber

Den Daniel Balthasar huet zënter e puer Méint a sengem Keller eng grouss Kartongskëscht stoen. Am Ufank vum Confinement huet hien d'Këscht nees eng Kéier gesinn a sech geduecht: "Dat do ass am Fong dat perfekt Sënnbild fir dat, wat mir grad maachen. Mir sëtzen all an enger Këscht, wat eist Haus ass, a mir ginn eens an där Plaz déi mir grad hunn."

Déi Iddi hätt hie wéilten op d'Spëtzt dreiwen, seet de Sänger. Hien hätt sech all Dag an d'Këscht gesat, mat Instrumenter déi eben dra gepasst hunn, an all Dag huet hie mat deene Limitatiounen e Song opgeholl a produzéiert.

"Die Magie des Makels"

"D'Lidder hunn net onbedéngt Song-Strukturen, wéi een dat kennt." D'Texter hätt hien dacks owes am Bett scho geschriwwen, a Moies wier hien an d'Këscht geklommen, nodeems hie mat de Kanner d'Zänn gewäsch hätt an d'Kaz erausgelooss hätt. All fräi Minutt hätt hien an der Këscht verbruecht, seet den Daniel Balthasar. "Et war heiansdo bëssen e Renne géint d'Zäit, mee ech wollt och näischt Perfektes."

Hien hätt keng Niewegeräischer erauseditéiert, a quasi ëmmer den éischten Take benotzt. All Owend virum Schlofegoen hätt de Mix misste fäerdeg sinn.

I's A Family Affair

"Ech hu geléiert, datt een eigentlech net vill brauch fir ze léieren", seet den Daniel Balthasar. Ufanks vum Confinement hätt hien Angscht gehat, datt et mat de Liewensmëttel kéint enk ginn. Duerno hätt hie gemierkt, datt hie verschidde Saachen net misst all Dag kafen oder maachen, a sech net groussaarteg misst fortbeweegen. "Wann deng Famill gesond an a Sécherheet ass, dat ass scho villes Wäert."

Seng Famill war och um Dréi vum Museksvideo zum Song "Anywhere" bedeelegt. Seng Fra, d'Véronique Kolber, huet de Video gedréint an déi 2.500 Illustratioune gezeechent, säi Fils huet d'Beliichtung gemaach, a seng Duechter huet misste poséieren.


Dat ganzt Gespréich mam Daniel Balthasar

Lauschteren


An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Jimmy Leen
Nei Single vu Leen - Black Hole Summer Song

An enger neier Single erfuerscht de Lëtzebuerger Sänger Jimmy Leen zesumme mam Hip-Hop-Produzent Jacques Rasic déi däischter Säit vun eisem Summer-Spaass. De Marc Clement huet mam Jimmy geschwat.

Edsun Loverboy
Trotz Ausgangsspär

Dem Edsun seng nei Single "Outtaspace Loverboy" ass Deel vun engem Effort, sech méi fir déi positiv Säite vum Liewen opzemaachen. Lauschtert d'Gespréich mam Edsun iwwer "Outterspeace Loverboy" hei.

Napoleon Gold
Vun der Insomnie bei den Album

Zanter senger Kandheet leit den Antoine Honorez ënner Schlofstéierungen. Op sengem Debut verschafft hien dat op eng labber an dreemeresch Manéier. Mee wéi entwéckelt een aus enger Iddi e musikalescht Konzept?

James Elkington 6 Timothy Musho web 1024x684.jpg
James Elkington

Ever-Roving Eye - esou heescht dem James Elkington säin neit Wierk, op deem den Englänner mat onbefriddegtem Bléck a flénke Fangeren duerch déi brittesch Folk-Landschaft wandert. Den Jamie Reinert huet mat him geschwat.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen