Nei Mesuren D'Rockhal wëllt "am Hierscht prett si fir 2.000 Leit"

D'Rockhal wëllt d'Lackerungen, déi virun 2 Deeg annoncéiert goufen, am Summer nach net voll ausnotzen. Den Direkter vun der Rockhal sot, hie wéilt d'Hal am Hierscht prett hu fir nees Concerte mat bis zu 2.000 Leit ze organiséieren.

Rick Mertens / tt

Olivier Toth, Rockhal
Den Olivier Toth ass Direkter vun der Rockhal. Foto: Archiv

Am Summer géif d'Rockhal dogéint haaptsächlech Open-Air-Concerten organiséieren, esou den Olivier Toth:

"Mir haten d'lescht Joer zwou Serië vum Rockhal-Garden gemaach, baussen op der Terrass vum Rockhal-Café. Dat huet de Leit manifestement esou gutt gefall, an deene verschiddenen Artiste mat deene mer geschafft hunn, an eis och. Esou datt mer gesot hunn: Komm mir widderhuelen dat. Mir maachen et awer dës Kéier e bësse méi laang. Esou datt mer dat elo am Juni an am Juli maachen, mat enger Capacitéit vun ongeféier 100-150 Leit."

Duerch Lackerungen, déi virun zwee Deeg annoncéiert goufen, kéint awer elo och méi wäit geplangt ginn:

"Selbstverständlech schaffe mer un engem Zenario, dee mer domat kéinte maachen. Realistesch gesinn, denken ech awer datt dat sech nach bis Ufank Hierscht zitt. Mir sinn elo esou no un der Summer-Saison. Ganz vill geet am Moment Outdoor, do gesäit een och vill Outdoor-Arenaen an esou. Och hei zu Lëtzebuerg ass jo ganz vill Aktivitéit. Mir maachen elo de Garden, an dann iergendwann am September zitt et sech erëm an de Sall zeréck. A bis dohi spéitstens wëlle mer prett sinn, well mer mengen datt do Méiglechkeete wäerte kommen."

Déi nei Covid-Reegelen, déi vum 12. Juni un gëllen, erlaben ënner anerem Evenementer mat bis zu 2.000 Leit ze organiséieren, wann een am Virfeld e sanitäert Konzept zesumme mat der Santé ausschafft.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Rockhal PK2020
Concerten

Déi meescht Concertshaiser hunn dëst Joer trotz Pandemie eng Programmatioun fir d'Rentrée proposéiert. D'Rockhal huet dat net gemaach. Amplaz wéilt ee sougenannt Pop Up Sessions organiséieren.

Sam Tanson
KULTUR

Kulturell Aktivitéite solle weiderhi méiglech sinn, seet d'Sam Tanson. D'Regierung géif doriwwer nodenke fir een Test-Concert ze organiséieren, fir dann erëm Concerten an der Rockhal ze erméiglechen.

Rockhal
Centre de Musiques Amplifiées

D'Rockhal stoung an der Kritik, Concerte mat ëffentleche Gelder ze finanzéieren. Dat stëmmt net, seet de President Luc Henzig. D'Dotatioun vum Staat géif just duergoe fir d'Personalkäschten ze decken.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen