"Och haut si Komponistinnen nach dacks mat den übleche Klischeeë konfrontéiert", seet d'Catherine Kontz. Frae schreiwe jo sécher nëmme kleng Stécker, wier eng vun de Remarken, déi si ze héiere kritt. Generell ass et och haut nach net evident, als Komponistin ze schaffen, mengt och d'Albena Petrovic.
Dat traditionellt Rollebild geeschtert nach a ville Käpp, an als Komponistin muss ee letztendlech nach ëmmer vill Organisatiounstalent hunn, fir d'Musek an den Alldag gemeeschtert ze kréien.
Komponéieren aus Leidenschaft
D'Helen Buchholtz war duerch hiert Bestietnis an och duerch d'Bedeelegung un der Familljebrauerei finanziell ofgeséchert. Si konnt aus purer Loscht komponéieren, ouni drop ugewisen ze sinn, datt hir Musek opgeféiert gëtt, wat effektiv och gréisstendeels net geschitt ass.
"Nul n'est prophète dans son pays", seet d'Albena Petrovic. Am Ufank vum 20. Joerhonnert haten och d'Lëtzebuerger Komponisten et schwéier, Gehéier ze fannen. Lëtzebuerg war eben net Bréissel oder Paräis. Musikalesch konnt deemno näischt Bedeitendes do entstoen.
Haut ass dat anescht. Allerdéngs ka weder eng Komponistin nach e Komponist sech et leeschten, aus purer Freed mat enger neier Partitur unzefänken. D'Albena Petrovic an d'Catherine Kontz schreiwe prinzipiell nëmmen op Commande, mat der Garantie, datt mat engem neie Wierk och eppes geschitt.
"Ech hunn doudsécher vill méi Iddie vu Kompositiounen doruechter geschéckt, wéi ech um Enn Wierker geschriwwen hunn", erkläert d'Catherine Kontz. Dat géif allerdéngs net nëmme Komponistinnen esou goen, mee och hire männleche Kolleegen.
Interessente fir en neie Projet fannen, finanziell Hëllef opdreiwen, Museker engagéieren, dat kascht dacks méi Zäit, wéi d'Komponéiere selwer. An dat ass et, wat sech d'Albena Petrovic an d'Catherine Kontz virun allem wënschen: vill Zäit, fir och emol kënnen e musikalesche Gedanke richteg ze entwéckelen.
Wat fir béid Komponistinnen um Enn awer am meeschten zielt, ass d'Passioun fir d'Musek.
https://www.100komma7.lu/program/episode/248850/201904141400-201904141500