Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fra mat der gëllener Flütt

Sharon Bezaly

D'Fra mat der gëllener Flütt

D'Sharon Bezaly gehéiert zu deene bedeitendste Flüttisten am Ablack. Besonnesch hire Faibel fir nei Kompositioune mécht se zu enger Ausnam am Fach. Et gëtt wuel kaum ee Flüttist, deen an deene leschte Joren esouvill nei Wierker uropgefouert an an Optrag ginn huet. Beim Gala-Concert vun den International Classical Music Awards dëser Deeg zu Leipzig huet si een Extrait aus dem Jeff Beal sengem rezente Flütteconcerto gespillt.

auto_stories

3 min

D'New York Times huet d'Sharon Bezaly eemol als ee Geschenk vu Gott fir d'Flütt bezeechent. Esou wäit géif d'Musekerin selwer net goen. D'Sharon Bezaly steet mat zwee Féiss um Buedem, weess, wat si kann a wat si wëllt.

Eent vun hiren Objektiver ass et, de Repertoire mat neie Stécker ze dynamiséieren. "Mir hunn als Kënschtler d'Aufgab, d'Verflichtung, d'Musek weiderzebréngen!"

D'Sharon Bezaly léist sech net dervun ofhalen, datt Diske mat neiem Repertoire sech vläicht net esou gutt verkafen. Si zéckt och net, hir Programmwënsch bei Concertsorganisateuren duerchzesetzen.

"D'Flütt ass net esou präsent am Concert wéi zum Beispill de Piano, an dat ass esouguer eng Chance, fir dacks emol eppes Neits ze bréngen", mengt d'Sharon Bezaly. Selbstverständlech hält si och un de grousse Klassiker fest - Mozart, Poulenc, Nielsen. Mä nei Wierker wieren einfach wichteg fir déi nächst Generatioun.

Am Austausch mat Komponisten

All déi nei Wierker entstinn an enker Ofsprooch tëscht dem Sharon Bezaly an dem jeeweilege Komponist. Heiansdo huet d'Musekerin ganz konkret Virstellungen, eng aner Kéier verléisst si sech op de Komponist a schwätzt just Klengegkeeten of. Selwer Musek schreiwe kënnt fir d'Sharon Bezaly net a Fro. "Dat maachen anerer vill besser."

Lues a lues setzen déi nei Wierker sech am Repertoire fest, well d'Flüttiste-Communautéit iwwer perséinlech Renconteren an déi sozial Netzwierker antëscht enk vernetzt ass.
Dat bréngt och mat sech, datt et eigentlech keng spezifesch Flütteschoul méi gëtt. D'Sharon Bezaly huet zu Paräis studéiert, ass als Musekerin an der traditiounsräicher franséischer Schoul grouss ginn. "Dat huet sech alles internationaliséiert. D'Studente si méi mobil, léiere bei ënnerschiddleche Professeren", seet d'Sharon Bezaly.

Fir d'Musekerin stellt sech och manner d'Fro vun der Schoul, mä éischter déi vum Repertoire. Wat spillen ech, a wéi spillen ech?

24 Karat

Wann d'Sharon Bezaly op der Bühn steet, da glënnert hiert Instrument ënnert de Scheinwerfer. Si spillt op enger Flütt, déi mat 24 Karat Gold iwwerzunn ass. Dat huet näischt mat Houfert ze dinn, mä mat der Qualitéit vum Klang. D'Material ass méi mëll. "Ech wëll vill Klangfaarwen hunn, och kënne ganz lues a ganz delikat spillen", seet d'Musekerin. Fir déi Uspréch brauch een esou ee feint Material.

Natierlech muss d'Instrument och gutt versuergt ginn. Et muss ee schonn oppassen, dat näischt d'Gold-Legéierung ugräift, datt d'Instrument net ze waarm gëtt.

"Am Ufank hunn ech och ëmmer direkt an all Hotel gefrot, wou de Safe wier. Antëscht sinn ech awer méi relax ginn", gëtt d'Sharon Bezaly zou. Just um Fluchhafe géif et heiansdo nach Problemer an der Sécherheetskontroll ginn, well d'Personal net ëmmer ganz ëmsiichteg mam Instrument géif ëmgoen. "Do hunn ech och alt scho gespillt, fir ze beweisen, datt et wierklech eng Flütt ass."