International Classical Music Awards D'Finalisten fir 2023 si bekannt

ICMA Finalist 2023 reduced.jpg

Mat schéiner Reegelméissegkeet packen antëscht och Lëtzebuerger Produktiounen et ëmmer nees op d'Lëscht vun den Nominatiounen a kënnen deemno ouni Weideres mat internationale Releasen anstandslos mathalen. Dëst Joer waren et véier nei Opnamen aus Lëtzebuerg, déi eng Nominatioun kruten: zwee Disque mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ( L'oiseau de feu vum Strawinsky a Rossini: Stabat Mater), "Antwerp Requiem", den neien Album vu CantoLX an "The Brahms Connection" mat der Pianistin Sabine Weyer an dem Cellist Dimitri Maslennikov.

CD-Klassik am Magazine Resonanzen

All dës nei Produktioune grad ewéi de Gros vun de Finaliste vun den ICMA 2023 hat de radio 100,7, de Member vum Jury vun den International Classical Music Awards ass, an deene leschte Méint am Magazine "Resonanzen" presentéiert an deemno eng gutt Nues bewisen.

An der Kategorie Oper ass et zum Beispill eng Opnam vum Carl Maria von Weber sengem "Freischütz" mam Freiburger Barockorchester (Der Freischütz | radio 100,7 (100komma7.lu), den Album "Into Madness" an der Kategorie Kammermusek (Eng Première op Disk | radio 100,7 (100komma7.lu) oder och nach Sträichquartetter vum spuenesche Komponist Conrado del Campo (Kammermusek aus Spuenien | radio 100,7 (100komma7.lu) an der Kategorie "First Recordings".

An all Kategorie gëtt et dräi Finalisten (http://www.icma-info.com/icma-publish-the-finalists-for-the-awards-2023/#more-3596). Wien um Enn eng Trophée vun den ICMA 2023 kritt, decidéiert sech den 18. Januar 2023. De Gala-Concert mat der Präisiwwerreechung sinn dann den 21. Abrëll 2023 am Witold Lutoslawski National Forum of Music zu Wroclaw.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen