Because Music Matters D'Erausfuerderung vum distanzéierte Live-Concert

Bis zu 1.000 Leit sollen um Concert vum Serge Tonnar an der Rockhal den 21. Mee deelhuelen. D'Concertsserie "Because Music Matters" leeft an Zesummenaarbecht mat der Santé. D'Dr. Anne Vergison gëtt een éischten Abléck an d'Resultater, déi bis elo erziilt goufen.

Marc Clement / ckl / tt

149393871_10158387088247620_7089088048032020598_n.jpg
Glass Museum bei den Testconcerten an der Rockhal am Februar. Foto: Claude Piscitelli / Rockhal

Haut an enger Woch ass an der Rockhal een éischte Concert, bei deem bis zu 1.000 Leit am Publikum zougelooss sinn. D'Preparative fir dëse Pilotprojet lafen an Zesummenaarbecht mat der Santé, déi op Erfarunge vun enger éischter Test-Serie vu méi klenge Concerten am Februar baut.

Virgesinn ass, datt d'Spectateure virum Concert getest ginn an och eng Zäit duerno nach eemol. Bannent der Rockhal si speziell Signalisatioune fir d'Zirkulatioun virgesinn. De Concert wäert am Sëtze sinn, d'Droe vum Mask wäert obligatoresch sinn a Gedrénks wäert keent verkaaft ginn.

Am Hibléck op gréisser Live-Evenementer an der Kultur oder am Sport mat gréisstméiglecher Sécherheet organiséieren ze kënnen, schafft d'Inspection sanitaire un dëse Pilotconcerte mat. D'Dr. Anne Vergison ass responsabel fir d'Berodung am Ausschaffe vun de Sécherheetsmesuren, wéi och d'Auswäertung vun den Observatiounen, déi bei de Pilotconcerte gemaach ginn.

Am Gespréich mam Marc Clement gëtt si Detailer zu hirer Aarbecht - an erkläert fir d'éischt, wéi eng Resultater déi éischt Pilotconcerten am Februar bruecht hunn.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Siren's Call
Festivalsummer

De Festival Siren's Call ass wéinst der Pandemie fir dëst Joer ofgesot an ëm ee Joer verréckelt. Dat hunn d'Organisateure vum Concertshaus Atelier de Moie matgedeelt. Neie Rendezvous ass den 25. Juni 2022.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen