Festival Rainy Days Rainy Days: Catherine Kontz ass nei Directrice

De Festival Rainy Days fir zäitgenëssesch Musek kritt 2023 eng nei Directrice. D'Komponistin Catherine Kontz iwwerhëlt d'Successioun vun der Lydia Rilling, déi Intendantin vun den Donaueschinger Musiktage gëtt.

ge

Catherine Konz
Foto: Archiv

No hire Studien am Stater Conservatoire ass d'Catherine Kontz op London gaangen, wou sie haut och lieft. D'Komponistin huet op der University of London promovéiert an enseignéiert um Royal College of London, ass awer reegelméisseg zu Lëtzebuerg, fir musikalesch Projeten ze realiséieren.

Fir Esch2022 huet d'Catherine Kontz engersäits e Soundwalk duerch d'Minettemetropol konzipéiert - "Wou d'Uelzecht" - anerersäits och e grousst Wierk fir Chouer an Orchester geschriwwen - "Voix des Terres rouges" - dat de 17. Juni 2022 uropgefouert gouf.

Mam Festival Rainy Days huet d'Catherine Kontz enk Relatiounen. Si ass mat hire Wierker ëmmer nees present am Programm, fir d'lescht 2021 mat "Driwwer, drënner, drop" - eng Klangwanderung duerch d'Faubourge laanscht d'Uelzecht an Zesummenaarbecht mat der UGDA.

De Festival Rainy Days 2022 (15. bis 27.11.), bei deem de radio 100,7 Mediepartner ass, leeft ënner dem Theema "The Sound Laboratory". D'Programmatioun huet déi aktuell Directrice Lydia Rilling gemaach.

Méi zum Thema

Alessandro Urbano
London Symphony Orchestra

Den Alessandro Urbano trëtt zesumme mam London Symphony Orchestra ënner der Direktioun vum Simon Rattle op. Den Organist ass beim grousse Finale vum Gustav Mahler senger zweeter Sinfonie ze héieren.

Luc Boentges Kommentar
Musek

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg - kuerz OCL - stellt sech méi breet op. Dat ass e gelongene Positionnement an der Lëtzebuerger Orchesterlandschaft, mengt de Luc Boentges.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen