Lëtzebuerg op der Kaart vun den Hifi-Hiersteller Courage fir d'Nisch

Wéi de Lockdown am Mäerz 2020 decidéiert gouf, hu vill Firme schlagaarteg hir Haaptgeschäfter verluer. Dat war och wouer fir all Prestatairen, déi mat Live Musek ze den hunn. Amplitude ass spezialiséiert op d'Loune vu Material a kompetenten Techniker fir Live Evenementer, besonnesch komplexer wéi Theater oder Musiksoiréeën.

OM

D'Äntwert op den éischte Schock war: ee Brainstorm. Engem vun de Mataarbechter säi privaten Hobby sollt um Enn d'Alternativ duerstellen, fir d'Firma eventuell iwwer Waasser ze halen, an dat hoffentlech laangfristeg. Doheem hat den Alban Carmaux schonns eng Zäitchen un enger Koppel Haut-Parleure gebastelt, fir déi hie selwer d'Komponenten ausgewielt an zesummegesat hat.

"Déi meescht Leit wëllen haut een Haut-Parleur, dee méiglechst kleng ass, an esou sinn déi meescht e Kompromëss", esou de Carmaux. "Mir hu komplett op Qualitéit gesat an eis geduecht, wie gutt kléngend Boxe wëllt, dee wëll se och doheem a säin Interieur integréieren, an se gesinn, éischter wéi se ze verstoppen."

De Jacques Hoffmann, Chef vun Amplitude, huet sech ëm de Produktiounsprozess gekëmmert, an eraus koum den Om Origin, deen éischten Hifi-Hautparleur, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt a gebaut ass. De Marc Clement huet sech mat deenen zwee kreative Käpp iwwert hire Projet ausgetosch.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Siren's Call
Festivalsummer

De Festival Siren's Call ass wéinst der Pandemie fir dëst Joer ofgesot an ëm ee Joer verréckelt. Dat hunn d'Organisateure vum Concertshaus Atelier de Moie matgedeelt. Neie Rendezvous ass den 25. Juni 2022.

e29.jpg
Sample vun der Woch

Mam Album "El Condor Pasa" vun 1971 daucht de franséische Komponist Paul Mariat a säin Orchester mat engem soulfulen Twist an d'70er Krimiserien an. D'Lidd "Melancholy Man" huet et de Beatmaker dobäi besonnesch ugedoen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen