Leit, déi gär danzen Cluttered Clarity sichen de Wee vum Jazz an de Pop

Op hirer neier Single "Save It All" verbanne Cluttered Clarity Pop-Songwriting mat Improvisatioun an elektroneschen Tonalitéiten. D'Formatioun ronderëm de Lëtzebuerger Vibraphonist Ben Konen huet grouss Ambitiounen.

Mike Tock / ys / cz

Cluttered Clarity
De Ben Konen an de Rémy Labbé

Am Museksbusiness muss ee permanent nei Saache bréngen, virun allem wann een eng onbekannt Grupp ass, seet de Ben Konen. Cluttered Clarity wéilt elo all zwee bis dräi Méint eng Single erausbréngen, fir méi reegelméisseg mat de Medien a mat de soziale Medien a Kontakt ze sinn.

Den Debut "Follow Your Dreams" koum am Juli 2017 eraus. Déi nei Single heescht "Save It All". Déi wier duerchaus autobiografesch, seet de Rémy Labbé, deen zweete Kapp vun der Band. Et géif ëm eng Trennung goen, an datt een heiansdo misst hefteg Decisiounen huele fir am Liewe weiderzekommen.

Et schéngt sech heibäi momentan ëm eng Zort Leitmotiv bei Cluttered Clarity ze handelen. "Déi nächst Single ass iwwer meng lescht Bezéiung, wéi déi Schluss gaangen ass", seet de Ben Konen. Hien hätt éischter wéilte Carrière maachen, a seng Frëndin hätt eng Famill wéilte grënnen. Seng Ambitioun wier et, fir enges Daags kënne vum Projet Cluttered Clarity ze liewen.

Kennegeléiert hunn déi zwee Museker sech zu Boston um Berklee College of Music. Duerno ware si allebéid zu New York, éier de Ben Konen 2016 zeréck op Lëtzebuerg koum.

De Ben ass Perkussionist, säin Haaptinstrument ass de Vibraphon. A leschter Zäit interesséiert hie sech och fir elektronesch Musek, wat een däitlech un där neier Single héiert. De Belsch Rémy Labbé ass Trompettist a lieft virun allem vu senge Kompositiounen an Arrangementer

D'Equipe ronderëm si ass variabel. Zwee quasi fest Membere wieren awer de Bassist Tom Heck an d'Sängerin Sitta Foer.

Déi zwee Museker hunn also e Background am Jazz, wëlle mat Cluttered Clarity awer méi an de Pop virdréngen. "D'Musek ass sou, wéi mir liewen. Mir sinn oppe Leit, déi gär danzen, déi gär erausginn." D'Texter wieren hinne wichteg, seet de Ben Konen. Awer et géif och ëmmer nees Improvisatioun an de Stécker virkommen. Do géifen hir Studien an d'Léift zur Musek zum Virschäi kommen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Napoleon Gold
Sunset Motel

"Sunset Motel" wäert dem Napoleon Gold seng nei Plack heeschen, déi am Hierscht erauskënnt. De Sunset Motel, dat ass déi imaginär Plaz, an déi sech de Museker zeréckzéie geet, wann d'Aen erëm eng Kéier net zoufale wëllen.

Luca Pedana an Etienne Grüness
Déi nei Gard

De Batteur Luca Pedana an de Gittarist Etienne Grüness zielen zu der neier Gard vun der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Si si knapps mam Lycée fäerdeg a wëllen an d'Ausland Jazz studéiere goen.

Sitta
Multikulturell Sängerin

D'Sitta verbënnt op hirem éischte Solo EP persesch Kläng mat westlechem Pop. "Part Of Me" ass eng Sich no Identitéit an eng Exploratioun vun hiren iranesche Wuerzelen. E Mëttwoch stellt si hiert Wierk vir.

De Ben Konen mat senger Band
Jazzmuseker an den USA

De Lëtzebuerger Jazz-Museker Ben Konen lieft zu New York, an huet zu Boston um berühmte Berklee College of Music studéiert. Hie war mat sengem Vibraphon zu Washington an der Ambassade op Besuch.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen