Pixx - Small Mercies Cleveren Indiepop mat ville Gesiichter

"Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Hanner dem Pseudonym Pixx stécht déi jonk Londonerin Hannah Rodgers. Si verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. D'Vicky Stoll erzielt méi zum Album vun dëser Woch.

Vicky Stoll / cz

Pixx - Small Mercies

Den zweeten Album "Small Mercies" vu Pixx ass wéi eng Truh mat ville Masken a Verkleedungen, eng grouss Spillplaz, op där sech d'Hannah Rodgers no Häerzensloscht austoobt. Um Cover vun der Plack gesäit een e Querschnëtt vun engem Poppenhaus mat zwee Stäck. Um Rez-de-chaussée kuckt hanner der Fënster ee risegt A an d'Stuff eran, um éischte Stack sinn dann d'Buedzëmmer an d'Schlofkummer. Wat ee méi laang kuckt, wat ee lénks a riets Verweiser op d'Lidder vum Disk erkennt. An der Bidde läit d'Hannah Rodgers, déi 23 Joer al Londonerin, déi sech hanner dem Pseudonym Pixx verstoppt.

Aflëss aus de leschte 50 Joer

Wéi de Coverart et suggeréiert, inzeenéiert sech d'Hannah Rodgers alias Pixx als Poppespillerin a ville verschiddene Kontexter. Ouni groussen Effort kënnt si stilistesch vun Hippchen op Mippchen, och hir Stëmm mécht vu Song zu Song verschidde Wandlungen duerch. Sou kléngt intelligent Popmusek vum zweete Joerzéngt am drëtte Joerdausend. Et héiert een d'Aflëss vun de leschte 50 Joer eraus, e bësse New Wave, e bësse Punk, eng Grëtz Grunge. Deen eklektesche Stilbazar huet natierlech den Nodeel, datt een op dëser Plack ëmsoss no engem Trademark-Sound sicht.

Nodeems Pixx op hirem Debut "Age of Anxiety" nach haaptsächlech hir mental Gesondheet musikalesch opgeschafft huet, geet et um neien Disk ëm Ënnerdréckung. D'Hannah Rodgers ass an engem ganz konservative kathouleschen Ëmfeld opgewuess an huet dat als staark Aschränkung empfonnt. Um neien Disk "Small Mercies" befreit si sech vun der Oppressioun duerch ee falsch geliefte Glawen, mee och vun de Grenzen, déi duerch Konzepter wéi Gender a Konsum gesat ginn. Am Track "Mary Magdalene" versetzt si sech an d'Situatioun vun enger Fra, déi opgrond vun hirem Liewensstil kritiséiert gëtt a - bildlech geschwat - op hir Stengegung waart.

Ofleenung vun archaesche Konventiounen an Traditiounen

An engem Interview mat enger Online-Plattform erzielt d'Hannah Rodgers, wat si am meeschten um reliéise Glawen stéiert: Hir ass opgefall, datt een ni sech selwer géintiwwer dankbar oder houfreg si kann, well een ëmmer dovun ausgeet, datt Guddes vun enger méi héijer Entitéit gewollt ass. Op der Plack "Small Mercies" geet et deemno och dorëms, sech kengen archaesche Konventiounen an Traditiounen ze ënnerwerfe, mee sech auszeliewen an Verantwortung fir säin Handelen ze iwwerhuelen.

Mat "Small Mercies" vu Pixx huet een et mat engem Chamäleon ze dinn. Ouni Ustrengung spréngt d'Hannah Rodgers tëschent de musikalesche Stiler hin an hier. All Track erzielt si aus der Siicht vun enger anerer Figur, a wéi e Formewandler verännert si och hir Stëmm. Trotzdem bleift den Disk lëfteg an agängeg. Méi clever kann zäitgenësseschen Indiepop net kléngen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Vicky Stoll
Lauschteren

Méi zum Thema

Minnie Riperton DAM.png
Déjà-Vu Album

Séiss Soul Musek vun der Rotary Connection Frontfra, produzéiert vum Stevie Wonder. Der Minnie Riperton hiren zweeten Album "Perfect Angel" vun 1974 feiert dëse Mount 45 Joer. Den Jamie Reinert mat engem Iwwerbléck.

The Golden Filter
Congés annulés

Hir Musek ass eng kompromësslos Mëschung aus elektroneschem Punk, Techno a a Pop. The Golden Filter capturéieren den dramateschen Esprit vun der Géigewaart. E Freideg kann een den Duo an de Rotonden erliewen.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen