Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Chefdirigent Gustavo Gimeno bleift bis 2022

Gustavo-Gimeno
Gustavo Gimeno (© Alfonso Salgeuiro)

De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet säi Kontrakt bis 2022 verlängert. "Zanter ech zu Lëtzebuerg sinn, genéissen ech d'Zesummenaarbecht mat dësem exzellenten Orchester. D'Fortsetzung vun der gemeinsamer Aarbecht gëtt mir d'Méiglechkeet, dës Bezéiung an déi kënschtleresch Weiderentwécklung nach ze intensivéieren", seet de Gustavo Gimeno an engem Communiqué vun der Philharmonie.

2015 hat de gebiertegen Valencianer d'Successioun vum Emmanuel Krivine un der Spëtzt vum OPL iwwerholl. Mam Gustavo Gimeno hat den Orchester bewosst ee jonken Chef engagéiert, deen eng nei Etapp an der musikalescher a programmatescher Weiderentwécklung sollt alauden.

Ënnert dem neie Chefdirigent huet den Orchester och seng Politik a punkto CD-Produktiounen nei strukturéiert. Néng Diske sinn an deenen nächste Joren geplangt.

D'Vertragsverlängerung mam Gustavo Gimeno mécht dem Orchester deemno a villen Hisiichten nei Perspektiven op, ënnersträicht de President vun der Philharmonie, de Pierre Ahlborn.

Méi zum Thema

Gustavo Gimeno
Philharmoneschen Orchester

Den OPL war zu Wien am Konzerthaus fir e Concert - een "intensiven" Optrëtt, seet den Dirigent Gustavo Gimeno. Am Interview beschreift hien d'Entwécklung, déi den Orchester zejoert gemaach huet.

Gustavo Gimeno
Gustavo Gimeno

Zanter dem Hierscht 2015 steet de Gustavo Gimeno un der Spëtzt vum OPL. De Maestro kuckt zefridden op seng éischt Saison zréck an ass optimistesch, wat d’Entwécklung vum Orchester ugeet.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen