Vun der Long op d'Zong Catherine Lorent: Fëschen a schéissen

All Méindeg am August invitéiert den 100,7 Musekerinnen a Museker an d'Rotonden, déi op Lëtzebuergesch sangen. D'Emissioun "Vun der Long op d'Zong" gëtt owes vu 7 bis 8 live aus dem Kulturzenter zu Bouneweg iwwerdroen, an ass Deel vun der Programmatioun "Congés Annulés". D'Invitée vum drëtten August war d'Catherine Lorent.

Catherine Lorent
D'Catherine Lorent an der Buvette

D’Catherine Lorent, Joergank 1977, ass Molerin, Kënschtlerin a Musekerin. Dëst och dacks ënner dem Pseudonym Gran Horno. Am “groussen Uwen” kommen ëmmer vill verschidde Musekstiler wéi Black- an Death Metal an Jazz zesummen.

An der Emissioun “Vun der Long op d’Zong” huet si d’Lidd “An Amerika” vum Michel Lentz an enger “Doom” Versioun interpretéiert, an eng eege Kompositioun “Fëschen a Schéisse” gespillt. Donieft huet si Lidder vum neie Gran Horno Album “Hymni” op Lëtzebuergesch gesong, a mam Smartphone improviséiert.

Den Optrëtt op Lëtzebuergesch war fir d’Catherine Lorent eng Première. “Dat Englescht ass méi abstrakt. Dat ass méi, wéi een Instrument. Am Lëtzebuergeschen hues de méi ee klenge Vocabulaire, an du hues direkt eng Ausso. Dat Lëtzebuergescht huet och eng relativ monoton Klangfaarw.”

Méi zum Thema

Corbi.jpg
Vun der Long op d'Zong

De Lëtzebuergesche Rap-Pionéier live an de Rotonden. Virum Optrëtt erkläert hien, wéi hien dozou koum, an der Mammesprooch ze rappen. A wat Zacki-Zacki-Produktioune sinn.

Serge Tonnar an Eric Falcero
Vun der Long op d'Zong

Och an der Mammesprooch kann ee Mëssverstane ginn. Virun allem vu Leit, déi mengen, si wäre besonnesch gutt Lëtzebuerger. De Serge Tonnar wënscht sech méi Konkurrenz, virun allem bei Liebeslidder.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen