Congés Annulés Bobby Bieles mixt mat Peanut Boy

Bei de Congés Annulés kann een d'Museksredaktioun vum radio 100,7 vu ganz no erliewen. Dëse Méindeg ass eisen Hip-Hop-Expert Bobby Bieles un de Plackentelleren. Hien huet den talentéierte Peanut Boy invitéiert. E Méindeg den Owend um 6 Auer geet et lass.

bobby bieles

De Peanut Boy ass den Initiateur vun den Axwai Beat Battles - eng Initiativ, déi Producer an d'Fënster stellt, erkläert de Bobby Bieles. "Hie war Producer a Rapper am Grupp 10lexic - ganz coolen Typ, null Ego, mee mega vill Potential."

Stilistesch hätte si decidéiert, zäitgenësseschen, danzbaren Hip-Hop ze spillen. "Am Stil vun Anderson .Paak oder sou funky Saachen, awer och original Samplen, bësse Funk a Soul aus de 70er." Awer si géifen och op de Publikum agoen, seet de Bobby Bieles.

All Samschdeg Owend huet een um radio 100,7 an der Emissioun Ligne 2 Rendez-vous mam Bobby Bieles. Am September geet d'Show an hir drëtt Saison, an de Bobby feiert seng honnertst Episod. "Fir d'Gebuertsdaagssendung hunn ech eppes Spezielles virbereet." Detailer dozou ginn et ganz geschwënn.

Niewent der Hip-Hop-Aktualitéit proposéiert de Bobby Bieles och ëmmer nees interessant thematesch Emissiounen. Hie fäert awer net, datt him d'Sujeten eng Kéier ausginn. "Et kann ee bal e Sujet aus allem maachen." Hip-Hop wier esou breet gefächert, an et géif esou vill Ënnergenrë ginn, datt hien och zwou Emissiounen an der Woch domat kéint fëllen.

Fir hie wier et wichteg, datt et Spaass mécht, an datt et sech net just un Nerds adresséiert.


De Bobby Bieles am Gespréich

Lauschteren


Méi zum Thema

Congés annulés
Congés annulés

D'Congés annulés sinn dësen August, wann och an enger anerer Konfiguratioun wéi gewinnt. Och de radio 100,7 ass nees bedeelegt. De Fokus läit op enger regional an nationaler Programmatioun.

Gudde Wëllen Sessions
Gudde Wëllen Sessions

D'Videoe vun de Sessions vun der Journée de la Musique sinn do! Et gëtt Rap op Lëtzebuergesch mat BC One, Skibi an dem Nicool, an instrumental elektronesch Musek mat Slumbergaze.

RunTheJewels
Run the Jewels - RTJ4

Mat "RTJ4" liwwert de Rapduo Run the Jewels de Soundtrack fir d'Black Lives Matter Protestbeweegung. Knallhaart Beats treffen hei op Lyrics iwwer Policebrutalitéit a Rassismus.

Bobby Bieles
Hip Hop um radio 100,7

D'Emissioun Ligne 2 ass e wichtege Rendez-vous fir d'Frënn vum Hip Hop zu Lëtzebuerg. All Samschdeg mixt de Bobby Bieles Musek, déi hien inspiréiert. Déi 30. Emissioun gouf grad diffuséiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen