Musek Kate Bush Live, een Dokument
D'Kate Bush ass net frou mat der Plackenindustrie, Internet a Youtube. Hiren Album "Before the Dawn" ass dofir een Dokument. Dorop fënnt een onverschaffte Live-Opname vun hirer Tournée 2014.
"Before the Dawn" ass virun allem een Dokument. Den dräifachen Album, deen d'Bush kierzlech erausginn huet, stellt e Choix vun Opnamen duer, déi während hirer zweeter Live-Tournée virun zwee Joer opgeholl goufen. Eng rar Geleeënheet, fir déi britesch Singer/Songwriterin z'erliewen. Si stoung zënter 1979 net méi fir e ganze Concert op der Bühn.
Déi 22 Datume vun der Tournée waren an e puer Minutten ausverkaaft. D'Concerten hu sech, fir déi Happy Few, déi dovunner ziele konnten, als Revelatioun erwisen. Esou krut der Kate Bush hir Performance als éischte Pop-Musek-Evenement dem "Evening Standard" säin Editors Award. Normalerweis ass dee fir Theaterproduktioune reservéiert.
Voller Dramatik
D'Mise-en-scène hat d'Kate Bush mat der "Royal Shakespeare Company" realiséiert. An déi koum besonnesch am zweete vun den dräi Akten zum Zuch. Dëst an enger Suite vu Songs, déi als "The Ninth Wave" bekannt ass an d'B-Side vun der Kate Bush hirem Album "Hounds of Love" vun 1985 representéiert.
Dëse Konzept-Album am Album mécht den Zentrum vun dëser Live-Performance aus. Dora spillt d'Kate Bush e Personnage, deen op héijer Séi um Erdrénken ass. Si deelt hirem imaginäre Mann - an der Bühneshow vun der Kate Bush hirem Fils gespillt - hir Gedanke mat. Kloer, datt dëst e Live-Evenement mat enger gewëssener Déift a voller Dramatik war, dat säin Ticket muss wäert gewiescht sinn.
Et iwwerrascht och net, datt keen DVD-Set vun dëser Concerts-Serie ze kréien ass: D'Madame Bush hält net vill vun der Plackenindustrie. Nach vill manner vun Internet a Youtube. D'Erfahrung vun hirer Live-Performance war fir déi reservéiert, déi an deem Moment mat hir an engem Raum waren.
Wäit ewech vum Greatest-Hits-Gehabe
Een Dokument vun dëser Show ass also den Dräifachalbum "Before the Dawn". Et gëtt keen uschléissende Mixing. Et gouf och keen Overdubbing applizéiert. D'Opname kommen tel quel aus dem Live Mixer. Si kruten nëmmen ee Standard Mastering verpasst. Doduerch kléngt dësen Album am Verglach mat aneren - dacks massiv truquéierten a gemëschten Opnamen - vläicht e wéineg dompeg. Esoubal een awer dran ass, verzitt sech dës Impressioun. Dann appreciéiert een d'Authentizitéit vum Raumgefill.
D'Setlist ass och wäit ewech vum übleche Greatest-Hits-Gehabe. Den éischten Akt enthält mat ganzen dräi nach déi meeschte Single-Erfolleger vun der Kate Bush: "King of the Mountain", "Running Up That Hill" an "Hounds of Love". Den zweeten Akt ass eng erweidert Versioun vun "The Ninth Wave". Den drëtten Akt entsprécht gréisstendeels dem Album "Aerial" vun 2005.
Méi mënschlech
Et fält bei "Before the Dawn" op, datt dem Kate Bush hir Stëmm, trotz dem Alter, nach ganz gutt den Toun vun hirem jugendleche Sopran erëm ka ginn. "Channeling", huet de Musekblog "Pitchfork" dëst a senger Review genannt: Esou wéi wann d’Kate Bush wéi ee Medium hir al Stëmm géif wéi an Trance erëmginn. Mee och eng gewëssen zousätzlech Déift ass um Album ze héieren. Ewech vun dem kal-direkten Toun, dee verschidde Passagen an den Originalversiounen esou frappant gemaach hat. Dofir klengt hir Stëmm op "Before the Dawn" méi mënschlech.
D'Instrumentatioune sinn den Albumversiounen immens trei. An d'Museker gehéieren zu deene Beschten, déi ee fir esou eng Tâche ka fannen. Mee duerch dës Fidelitéit wierke verschidde Passagen iwwerlueden. Wat um Album stëmmeg an intensiv geklongen huet, gëtt live esou schwéier a konventionell, datt d'Séil vum Passage op der Streck bleift. Hei hätt e bëssen Äusdënne vläicht Wonner gewierkt.
Entmystifizéierung
Alles an Allem ass "Before the Dawn" ee staarken an authentesche Statement, deen eng schéi Geleeënheet bitt, an de Kär vum Kate Bush senger Musek eranzekommen. Dëst, ouni dobäi op déi stiliséiert Versioun vun hirem Mythos eranzefalen, déi déi grouss Singelen a Videoclips projezéieren.
"Before the Dawn" ass bis op e gewëssene Punkt eng Selbst-Entmystifizéierung. D'Lauschtere vun dësem Album ass keng einfach Erfarung, well d'Konzentratioun um Inhalt, an net op der Form läit.