Frontman vu Seed to Tree Bartleby Delicate - Delikate Solo-Projet
Bartleby Delicate ass dem Georges Goerens säin Alter Ego. Hien ass e Singer-Songwriter deen intim Folk Musek kreéiert. A sengem neie Projet hunn Imperfektioun, Herman Melville a Fräiheet d'Soen.

D'Hannergrënn vu Bartleby Delicate sinn trivial. Musek vum Georges Goerens, déi net an de Kader vum Folk-Pop Projet "Seed to Tree" gepasst huet, kritt een zweet Liewen a sengem Solo-Projet. Obwuel hie sech momentan op Musek konzentréiert, léisst hie sech artistesch net aschränken. Et géif dorëms goen der Kreatioun fräie Laf ze loossen – ob e Gedicht entsteet oder musikaleschen Text , dat wier egal. Well de Georges Goerens momentan eleng um Projet schafft, misst hien och keng Kompromësser agoen, esou de Museker.
Perséinlech, autobiographesch Texter
Den Alter-Ego "Bartleby Delicate" inspiréiert sech um Herman Melville sengem "Bartleby the Scrivener: A Story of Wall Street" (1853). Dës Kuerzgeschicht mat anti-kapitalisteschen Ënnertéin setzt sech ënnert anerem och mat philosophesche Froen auserneen. Eng kritesch Approche, déi de Georges Goerens usprécht. Him géing et dorëms goen, mat engem artistesche Recul d'Gesellschaft ze spigelen.
Dat Politescht schreckt hien dobäi net of. Am Lidd "Pame Mia Volta" geet et ëm de Reflexiounsprozess an enger Fern-Bezéiung, a wéi d'Mënschen dacks an enger Blos liewen. Wat et bedeit, sech bewosst ze sinn, datt et engem gutt geet?
De Wäert vun der Imperfektioun
Et entsteet eng delikat Musek, mat enger gewëssen Zerbriechlechkeet. Ecken a Kante solle net verstoppt ginn. D'Musek soll net ze vill ästhetesch, perfekt sinn. Si soll fléissend, lieweg bleiwen. Et géif drëm goen, seng Fräiheet kreativ auszeliewen, a géintiwwer sech selwer authentesch bleiwen, seet de Georges Goerens.
Dat kënschtlerescht Schafe wier mat Disziplin verbonnen. Och wann de Moment net passend wier, misst ee sech dohi setzen an eppes probéieren ze schreiwen. Dobäi hëlleft dem Georges Goerens un éischter Linn d'Literatur als Inspiratiounsquell.
Dem Bartleby Delicate seng Musek spillt mat de Subtilitéiten an der Dynamik, déi aus der akustescher Gittar resonnéieren. D'Zil wier et, mat wéinegen Elementer eng besonnesch Stëmmung ze kreéieren.