Rap op Lëtzebuergesch Ausser Otem am Studio

"Wat Rap" heescht dem Tommek säin neien Album, deen den 1. Mee erauskoum. Et spiert een eng Aggressivitéit duerch déi 16 Tracks. Hien hätt wéilten d'Live-Energie bei der Produktioun afänken, seet de Rapper.

Yves Stephany

Tommek
Foto: Sana Murad

Den Titel vum Album "Wat Rap" wier eng Fro, seet den Tommek: "Wat ass Rap hei zu Lëtzebuerg?" Hie géif vill ze dacks héieren, datt Lëtzebuerger Musek "net feierbar" wier. Säin neien Album wier "eng héich duerchproduzéiert Äntwert op déi domm Fro.


Dat ganzt Gespréich:

Lauschteren


Dat wier awer net d'Theema vum Album. Et géif ëm positiv Saache goen, seet den Tommek. Trotzdeem zitt sech eng gewëss Aggressivitéit duerch déi 16 Tracks. Hien hätt wéilte Lidder maachen, déi vill Energie hunn. "Heiansdo si mir en Tour duerch de Studio gelaf, fir datt mir ausser Puste sinn, fir en Take opzehuelen." Den Album wier entstanen, "fir d'live Concerten opzepeppen."

Um Virgänger "Tëschent Humor a Wouerécht" huet de Rapper méi konkret Geschichten erzielt. Déi nei Lidder sinn aus Textfatzen zesummegesat, déi hire Sënn net einfach offenbaren. Dat géif dru leien, datt alles méi vun der Long op d'Zong entstane wier. "Zum Beispill no Concerte sinn ech heem gefuer an hunn nach eng Demo opgeholl. Oder moies no enger Nuecht mat Kolleegen ... zack op de Laptop." Hien hätt manner op e Blat geschriwwen, dofir géifen d'Texter méi fragmentéiert kléngen.

Den Tommek huet mat ganz ënnerschiddleche Produzente geschafft. Nieft Kolleegen aus dem Stayfou-Kollektiv sinn zum Beispill och Kollaboratioune mam Sacha Hanlet alias Them Lights um Disk ze fannen.

An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzëmmerbléck Ryvage
Schlofzëmmerbléck

D'Spannung tëschent schéin, epesch, ästhetesch an ënnerdréckent zitt de Samuel Reinard aka Ryvage un. Op "Tulipe" schafft hie mat Knascht am Signal a liwwert e Lidd dat "donkel ass, awer net hoffnungslos".

Schlofzëmmerbléck Napoleon Gold
Schlofzëmmerbléck

D'Zëmmer 224 vum Napoleon Gold sengem Sunset Motel waart drop, vun Iech entdeckt ze ginn. Eng Commande am Kader vun der 100,7-Aktioun-Schlofzëmmerbléck.

Airy Met Fairy
When 'Airy Met Fairy

"Esprit de corps" gouf ganz eleng konzipéiert a produzéiert. Déi spartanesch Klang-Ästhetik huet sech aus den technesche Limitatiounen eraus erginn a presentéiert den islännesch-lëtzebuergeschen Duo an hirer réier Pracht.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen