Kafka-Band Amerika

U sech ass de Jaroslav Rudiš fir seng Literatur bekannt. 2013 huet hie mam renomméierte Graphic Novel-Zeechner Jaromír 99 eng aussergewéinlech Band gegrënnt: d'Kafka-Band. D'Valerija Berdi stellt hiren zweeten Album vir, an deem sech alles ëm eent dréit: dem Franz Kafka säi fragmentaresche Roman "Amerika".

Valerija Berdi / cbi

Kafka Band
Foto: Christian P Schmieder

Mat sengem éischten däitschsproochege Roman "Winterbergs letzte Reise" war den tschecheschen Auteur Jaroslav Rudiš fir de Leipziger Buchpreis nominéiert. E Roman, deen eng Zuchrees duerch Mëtteleuropa an duerch d'Geschicht vun dësem Deel vun dësem Kontinent. De Jaroslav Rudiš wëllt an der Traditioun vun tschecheschen an tschechoslowakesche Schrëftsteller schreiwen a seng grouss Virbiller sinn:

"Milan Kundera auf jeden Fall, Bohumil Hrabal, Jaroslav Hašek, Franz Kafka, Thomas Bernhard, ..."

Genee Kafka - an de Rudis ass esou begeeschtert vum Kafka, datt hien eng Kafka-Band gegrënnt huet. Nom éischten Album mam Titel "Das Schloss" ass elo déi zweet CD erauskomm "Amerika" - an och hei ass e Wierk vum Franz Kafka de roude Fuedem duerch de ganzen Album.


An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Mega Bog - Dolphine
Mega Bog - Dolphine

De fënneften Album vu Mega Bog exploréiert déi mythesch Iddi, datt e puer Mënschen am Laf vun der Evolutioun net u Land gaangen, mee am Waasser bliwwe sinn. Et ass eng Akrobatie vu musikalesche Genren.

Amanda Palmer
Amanda Palmer

Am September kënnt d'Aktivistin a Musekerin op Lëtzebuerg. E Gespréich iwwer Fraerechter, Mamm sinn a gesellschaftlechen Engagement. Den Yves Stephany huet sech mat hir ënnerhalen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen