Jesca Hoop - Order of Romance Album vun der Woch: Vu Flamingoen an Harespelen

Déi rosa Flamingoe kucke kritesch vum Cover vun der Jesca Hoop hirem neien Album erof, wéi wann si d'Nolauschter:inne wéilten op d'Prouf stellen. Sidd Dir prett fir dat, wat elo op Iech zoukënnt?

Claudine Muno / cbi

Jesca Hoop
Foto: ga Mortlock

Dat, wat een op "Order of Romance", der Jesca Hoop hirer mëttlerweil sechster Plack erwaart, ass tatsächlech e bësse speziell. Et ass eng Mëschung aus Folk, Rock a Blues, harmonesch Bléiser komme sech mat geckegen zweete Stëmmen an d'Queesch, an den Texter geet et ëm Harespelen, Orchideeën, Armageddon, déi éischt Léift, de Klimawandel, pink Bouwen a rout Meedercher.

An neen, dat ass keen Duercherneen - et gëtt alles zesummegehalen duerch der Jesca Hoop hir markant Stëmm an hiert Talent, fir an all Lidd kleng fantastesch Pop-Momenter ze verstoppen, déi ee mathuelen op déi Rees, déi engem e bësse virkënnt, wéi wann ee mam Alice duerch d'Wonnerland ënnerwee wier.

Produzéiert gouf den Album vum John Parish, deen och scho mat der PJ Harvey zesumme geschafft huet, a méi rezent mat der Aldous Harding an Dry Cleaning, zwee Nimm, déi an der Indie-Zeen fir vill Begeeschterung gesuergt hunn.

Perfekt musikalesch Begleedung fir den Hierscht

Et héiert een der Jesca Hoop hirer Musek d'Léift fir an d'Suerg ëm d'Natur un, déi si als jonk Fra entdeckt huet. Deemools huet si als Guide an hirer Heemecht Kalifornie geschafft an sech an der Wëldnëss doheem gefillt.

Mëttlerweil wunnt si an England, méi genee zu Manchester, an och wann een dat net onbedéngt an hirer Musek héiert, sou gëtt si dach awer un, datt si hir Musek am léifsten op deenen Deeg schreift wou et reent, mat enger gudder Taass Kaffi oder engem Glas Wäin an der Hand.

Op Deeg also, wéi et der elo ëmmer méi ginn an där Saison, déi op eis duerkënnt, a grad fir den Hierscht ass "Order of Romance" déi perfekt musikalesch Begleedung.


An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Claudine Muno
Lauschteren

Méi zum Thema

Quinn
Quinn Christopherson

Et kennt een net vill Popstaren, déi aus Alaska kommen. De Quinn Christopherson ass um Wee fir d'Land musikalesch op d'Landkaart ze bréngen.

Marina Allen cropped
Marina Allen - Centrifics

Op hirem neien Album beséngt d'Marina Allen ënnerlech an äusserlech Welten, a bedreift esou mat vill Spill eng Zort Selbsttherapie. Heiansdo muss ee sech ebe verléieren, fir sech besser kennenzeléieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen