Album vun der Woch Haut ass d'gëschter vu muer

Wann et an de Plackebutteker oder op de Streamingdéngschter e Rayon géif gi mat der Etikett: "Gutt Almoudesch Musek", da kéint een der Courtney Marie Andrews hiren neien Album "Loose Future" perfekt do aklasséieren.

Claudine Muno / cz

Courtney Marie Andrews
D'Courtney Marie Andrews. Foto: Alexa Viscius

Déi 31-järeg Musekerin ass iergendwou tëscht Country a Folk doheem, a si vernäipt sech och ganz bewosst virun hire grousse Virbiller, déi si an hire Stécker zitéiert, ëmmer just esou vill, datt engem d'Musek vertraut virkënnt, ouni an de Verdacht ze geroden, ze vill léine gaangen ze sinn. Wien awer gär déi klassesch Singer-Songwriter Musek lauschtert, dee begéint dem James Taylor, dem Bruce Springsteen, dem Joni Mitchell oder dem Lucinda Williams.

D'Gittare klénge wéi an de 70er, d'Pedal Steel zitéiert déi grouss Country-Klassiker, nëmmen heiansdo mellt sech e Synthesizer, fir eis drun ze erënneren, dass mer d'Joer 2022 schreiwen. Produzéiert huet si déi 10 Stécker mam Sam Evian, deen och selwer als Museker ganz aktiv ass.

Am Kontrast zu deem nostalgesche Sound stinn der Courtney Marie Andrews hir Texter, an deenen et ebe grad net dorëm geet, der Vergaangenheet nozetraueren, mee an deenen si optimistesch an d'Zukunft kuckt. Dobäi hëlleft och eng nei Léift, déi si inspiréiert huet, an hir gehollef huet, no der schwéierer Zäit vun der Pandemie an dem Lockdown hiren Optimismus erëmzefannen. Wann si am Stéck mam selwechten Titel séngt: are the good old days", da mengt si domat, dass mir d'Zäit haut solle genéissen, well mir haut déi Deeg erliewen, un déi mir eis an e puer Joer als "gutt al Zäit" wäerten erënneren. D'Lidder "Thinkin' On You", "Older Now" oder "Satellite" sinn de perfekte Soundtrack dofir.

"Loose Future" ass och eng Invitatioun fir dat ganzt Wierk vun de Courtney Marie Andrews ze entdecken. Mat hiren 31 Joer huet si schonn néng Alben opgeholl an 2021 och e Gedichtband erausbruecht, "Monarch", an deem si ënner anerem hir Kandheet am Arizona a Wierder kleet.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Claudine Muno
Lauschteren

Méi zum Thema

Sorry - anywhere but here
Album vun der Woch

Eng batterséiss Plack déi vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert gouf. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten.

De Stevie Wonder am Joer 1969.
Déjà vu

"Talking Book" koum 1972 eraus, an ass de 15. Studioalbum vum deemools eréischt 22 Joer jonke Stevie Wonder. Een Album, deen hien als erwuessene Museker weist.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen