Album vun der Woch Am Gaart vun der Vergangenheet

Op hirem neien Album "Gardening" presentéiert d'Siv Jakobsen fragil Texter an ofwiesslungsräiche Folk. D'Norwegerin huet sech dofir mat hirer eegener Vergaangenheet ausernee gesat - an opgeraumt.

Max Tholl / tt

Siv Jakobsen
Foto: Jørgen Nordby

Op "Gardening" spillt d'Natur eng grouss Roll: den Album ass gréisstendeels am Lockdown entstanen, an deem de Bësch, de Fjord an eben och de Gaart an där der Siv Jakobsen hirer norwegescher Heemecht zu Réckzuchsuerter goufen.

Dat hätt hirem Schreiwen immens gehollef, seet d'Singer-Songwriterin: de Gaart wier awer an éischter Linn eng Metapher fir den eegene Kapp. D'Siv Jakobsen erkläert, datt si ugefaangen huet, an hire Gedanken e bëssi opzeraumen an Onkraut ze rappen, wat awer ëmmer nees nogewuess ass.

Freed um Experimentéieren gëtt grouss geschriwwen

D'Hobbygäertner dobausse wësse jo: Onkraut vergeet net, an sou ass dann "Gardening" eng Zort Ausernanersetzung mat der eegener Vergaangenheet, déi wéi Efeu oder Pissblummen ëmmer nees hire Wee un d'Uewerfläch fënnt. Et ass de mëttlerweil drëtte Studioalbum vun der Siv Jakobsen. D'Virgänger sinn nach vun engem méi typeschen oder klassesche Folk charakteriséiert - dorënner och eng Coverversioun vun der Britney Spears hirem Hit "Toxic".

Op hirem leschten Album "A temporary Soothing" koum schonn eng gewëss Experimentéierfreed zum Ausdrock, déi elo op "Gardening" weidergefouert gëtt. Den Album ass vun der Siv Jakobsen hirer doucer Stëmm an hirem Fingerpicking op der Gittar gepräägt, mee et ginn och vill Sträichinstrumenter oder Holzblosinstrumenter, zum Beispill am Song "Tangerine".

Wat ass Realitéit a wat Fiktioun?

Déi relativ upbeat Melodië gi vun däischteren a melancholeschen Texter gedroen, déi tëscht perséinlechem Gefillschaos a fiktionale Kuerzgeschichte schwanken. Op "Blue" erzielt si vun enger Relatioun, déi vu Gewalt gekennzeechent ass, "The Bay" geet op een Autosaccident zeréck dee si viru Joren eemol hat, an op "Birthday" erzielt si d'Geschicht vun hirem 25. Gebuertsdag, deen op Grond vun enger gewësser Persoun an där hirem Verhalen der Siv Jakobsen zimmlech negativ an Erënnerung bliwwen ass.

Dacks ass net ganz kloer, wat elo Realitéit a wat Fiktioun ass, um Enn ass et awer och egal, well meeschtens mënschlech Gefiller am Virdergrond stinn, mat deenen een sech op déi eng oder aner Manéier identifizéiere kann.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Matt Dawson.jpg
Nei Plack "The Cliffs of Lone" vum Matt Dawson

Wat huet déi wëll Natur un der englescher Küst an de Parking vun engem Supermarché gemeinsam? Béid Plazen ware fir de Museker Matt Dawson Inspiratiounsquelle beim Lidder schreiwen.

Maz
Showcase-Festival

Bei méi wéi 300 Museker:innen a Band konnt een um Eurosonic net alles kucke goen. Den Jamie Reinert presentéiert en Iwwerbléck vun deenen Acts, déi hien am meeschte begeeschtert hunn.

Triana y Luca
Triana y Luca

Flamenco, Jazz, Folk - all dës Aflëss fënnt een an der Musek vum Duo Triana y Luca, déi dëse Mount eng nei Single mam Titel "Raíz" virgestallt hunn. D'Claudine Muno huet mat der Band geschwaat.

James Yorkston - PC Anna Drvnik 1 - 300 dpi.jpg
Album vun der Woch

Mat "The Great White Sea Eagle" geléngt dem James Yorkston eng vu senge schéinste Placken. Zur Säit steet him dobäi d'Nina Persson vun The Cardigans an Second Hand Orchestra.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen