Edward Steichen-Award Zwou Kënschtlerresidenzen zu New York

Am Mudam sinn déi zwou Laureatinne vum Edward-Steichen-Award 2019 geéiert ginn. Den Haaptpräis geet un d'Textilkënschtlerin Mary-Audrey Ramirez. Dat bedeit, datt si sechs Méint op eng Kënschtlerresidenz op New York dierf; Laureatin vum Edward Steichen Luxembourg Resident in New York-Award ass d'Multimediakënschtlerin Nora Wagner, déi sech op eng Residenz vu véier Méint am Big Apple freeën dierf.

Kerstin Thalau / cbi

D'Nora Wagner, d'Mary-Audrey Ramirez an d'Françoise Poos

2004, also fir den 125. Anniversaire vum Edward Steichen, huet de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu New York, den Hubert Wurth, dee selwer och Kënschtler ass, fir dat anert Joer en Edward Steichen Award annoncéiert. De Steichen war zwee Joer al, wéi hie mat sengen Elteren an d'USA ausgewandert ass; hien huet dohanne säi Match als Fotograf an als Curateur gemaach, huet et ënner anerem bis op den Direkterposte vum Fotodepartement vum Moma gepackt.

Mee hien huet awer och ëmmer jonk Talenter gefërdert, och där vum ale Kontinent: hien huet Brécken tëschent Europa an Amerika geschloen. Dovunner huet den Hubert Wurth sech inspiréiere gelooss a mat der Famill Steichen zesummen de Präis lancéiert. Jonk Talenter sollten deemno wäit eraus an d'Welt geschéckt ginn.

23 Nominatiounen

Fir béid Präisser hu sechs national an international Nominateuren 23 Kënschtler proposéiert; en internationale Jury huet doraus déi zwou Laureatinnen determinéiert. Fir d'Mary-Audrey Ramirez koum d'Nouvelle dëse Summer komplett iwwerraschend.

Si ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer a kombinéiert déi traditionell Broderie mat zäitgenëssesche Motiver, zum Deel sinn hir Aarbechten zimmlech hefteg, jo bluddeg. Dat selwecht gëllt fir hir sougenannt "Soft sculptures", gebutt Déiereskulpturen, zu deene si Computerspiller inspiréieren. "Soft sculptures" schéngen zu New York grad zimmlech en vogue ze sinn.


D'Laureatinne am Interview mam Kerstin Thalau


D'Nora Wagner, 1988 zu Lëtzebuerg gebuer, versicht mat participative Konschtprojeten an -installatiounen hire Matmënschen ze vermëttelen, datt si duerch d'Konscht de Wee zu hirem banneschte Kand, zu hirer Imaginatioun, fräileeë kënnen. Si war an de leschte Joren a ville Kënschtlerresidenzen tëschent Lëtzebuerg a Lettland. New York stoung nach net op hirem Wonschziedel.

Januar 2021 schléissen d'Kënschtlerinnen hir respektiv Residenzen am International Studio and Curatorial Program, kuerz ISCP, zu New York, of.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Thibaud Schneider
Groussregioun

De jéngste Participant, de 24 Joer jonke Metzer Sculpteur a Moler Thibaud Schneider, ass de Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019. D'Aarbechte vun alle 16 Kënschtler sinn am Cercle Cité ze gesinn.

CAL
Cercle Artistique de Luxembourg

Fir seng zwou Molereien "Unrealism" a seng Skulptur aus Bioplastik "Cloud" ass de Pit Molling vum CAL mam Prix Révélation ausgezeechent ginn. Um CAL stelle 46 Kënschtler aus.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen