Buchtipp fir de Summer "Zwischen Koran und Kafka" - den Titel ass Programm

Den Navid Kermani gräift op Protagonisten aus der Literaturgeschicht an op Schrëftsteller zréck, fir Denkustéiss iwwert déi haiteg Welt ze ginn. Eng spannend Literaturrees, déi een um Liewenswee begleet.

Valerija Berdi / fk

Tipp De Navid Kermani an d'Valerija Berdi
Den Navid Kermani an d'Valerija Berdi

Et gi Bicher, déi bréngen engem flott Liesstonnen an awer si se no engem Joer vergiess. Un anerer kann ee sech no Jore vaguement erënneren. An da ginn et déi Pärelen, wou ee sech och nach no 20 Joer un all d'Nimm vun de Protagonisten erënnere kann. Wou een eenzel Sätz nach auswenneg kennt, obwuel ee se just eemol gelies huet. Well dës Sätz sech net just an d'Gehier ageschweesst hunn, mä een um Liewenswee begleeden. Esou e Buch ass dem Navid Kermani säin "Zwischen Koran und Kafka".

Protagonisten aus Relioun a Literatur

Dem däitsche Schrëftsteller seng "West-östleche Erkundungen" sinn de Fong an den Daach vun engem wichtegen Deel vun der Literaturgeschicht. D'Flechtwierk konfrontéiert Protagonisten aus dem neien an dem alen Testament an aus dem Koran mat Personnagen aus bedeitende literaresche Wierker. De Roman gräift awer och dat aktuellt politescht Geschéien duerch Romaner an Erzielunge vu vergaangene Schrëftsteller op.

Ästhetik vun de Versen aus dem Koran

Wat op den éischte Bléck dréchen a fachwëssenschaftlech kléngt, ass a Wierklechkeet eng spannend Literaturrees. Eng Rees, déi am siwente Joerhonnert, also zu der Liefzäit vum Mohammed, an der arabescher Welt ufänkt. Aus europäescher Siicht baséiert den Erfolleg vum Mohammed op politesch-strategeschen Ursaachen. Muslimesch Quellen zeechnen en anert Bild, mengt den däitsche Schrëftsteller am Kapitel "Folg nicht den Dichtern".

Duerch amüsant Anekdote wéist den Auteur, wéi eng Muecht poetesch Ästhetik vun de Versen aus dem Koran op heednesch Araber, a virun allem op d'Dichter, ausgeüübt huet. Den Navid Kermani gëtt sech awer net eleng mat der Schéinheet vun de Suren zefridden. Hie gëtt een interessanten Abléck an d'Entwécklung vun der arabescher Sprooch a wéi Dichter an Intellektueller d'Sprooch benotzt hunn. Virun allem dem persesche Poet Attar an dem zäitgenësseschen, syresch-libaneseschem Lyriker Alī Aḥmad Saʿīd, genannt Adonis, gëtt hie vill Raum.

Intertextualitéit

Den Navid Kermani gëtt net nëmmen Ablécker an d'Aktiounen an d'Iwwerleeunge vu literaresche Protagonisten. Mä hien erzielt a reflektéiert iwwert d'Liewensëmstänn an d'Astellunge vun den Dichter. Zum Beispill déi vum kriteschen Opklärer Gotthold Ephraim Lessing, deen alles hannerfrot huet. Den Navid Kermani vergläicht d'Handelen an eventuell Iwwerleeungen vun den NSU Täter mam Lessing sengem "Philotas". Den Navid Kermani geheit hei déi provokant Fro op, ob a wéi ee Gerechtegkeets-Sënn modern Terroristen hunn.

D'Rees féiert och bei de King Lear, mat deem den Navid Kermani d'Irrelevanz an d'Absence vu Gott an all de Stécker vum Shakespeare ënner Beweis stelle wëll. Bei d'Hannah Arendt, fir ënner anerem iwwer déi méi wéi aktuell Situatioun vun den Flüchtlingen ze reflektéieren.

Natierlech ginn net nëmme sozio-politesch Felder beliicht. Mam Kleist hëlt de Kermani Emotiounen, wéi d'Léift, ënnert d'Lupp. An da gëtt et awer och, a mengen Aen u sech déi relevantsten Ausenanersetzung - den Titel ass Programm - mam Kafka.

Mënsch als weltoppent Wiesen

Den Navid Kermani identifizéiert sech mam Franz Kafka. Ee Mann mat villen Identitéiten, dee sech all Iddi vun Nationalitéit entzunn huet. Dat well hien, wéi de Kermani, biographesch wéi literaresch seng intellektuell Leidenschaften a seng Heemecht an enger Sprooch, an net an engem Land, fonnt huet.

Deen Deel iwwert de Kafka bréngt dem Navid Kermani säi Message, datt de Mënsch e kosmopolitescht Wiesen ass, op de Punkt. Datt Integratioun a Fortschrëtt interaktiv Virgäng sinn. Datt deen anere kennen a respektéieren, an Interessi um Individuum an u frieme Welten, wonnerbar Beräicherunge sinn.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

barnes valerija.JPG Tipp
Buchtipp fir de Summer

De russesche Komponist Dmitri Schostakowitsch an d'Willkür vun der Muecht. Dem englesche Schrëftsteller Julian Barnes ass mat sengem Roman "Der Lärm der Zeit" ee Meeschterwierk gelongen.

image (003).jpg
Buchtipp fir de Summer

Wéi vill Orient ass nach an engem Mënsch, deen an der franséischer Sprooch doheem ass? D'Schrëftstellerin Négar Djavadi erzielt an "Désorientale" vum Versuch, zwou Welten an Aklang ze bréngen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen