Kultur "Zeichnungen" vum Peter Handke

Beim Schirmer/Mosel Verlag ginn elo fir déi éischte Kéier am Ganzen 104 Zeechnunge vum Peter Handke, déi tëschent 2007 an 2017 entstane sinn, gesammelt an engem Buch gewisen. Dem Handke war déi visuell Komponent beim Erfaasse vum Ament a vum Detail immens wichteg.

Léon Rinaldetti / cz

Peter Handke Wikimedia Commons

Schonn éier de Peter Handke d'lescht Joer mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf, koum beim Münchener Verlag Schirmer/Mosel e Buch mat Zeechnungen eraus, déi sech am Laf vun de Joren a sengen Notizbicher ugesammelt hunn. Bis ewell sinn 78 där Notizbicher mat engem Gesamtëmfang vun iwwer 10.000 Säiten an ëffentlechen Archiven zougänglech.[1] Fir dëst Buch huet den Giorgio Agamben, ee vun den eminente Philosophe vun der Géigewaart, e kuerze mee substantiellen Essai bäigesteiert.

Sporadesch konnt ee Graphike vum Handke an anere Wierker entdecken, zum Beispill "Vor der Baumschattenwand nachts"[2], dat 2016 beim Jung und Jung Verlag erauskoum, oder a sengem "Notizbuch, Nummer 16", aus der Insel-Bücherei. Beim Schirmer/Mosel Verlag ginn elo fir déi éischte Kéier insgesamt 104 där Vignetten, déi tëschent 2007 an 2017 entstane sinn, gesammelt an engem Buch gewisen. Dobäi mierkt een, wéi wichteg dem Handke déi visuell Komponent beim Erfaasse vum Ament a vum Detail ass. Si ergänzt de Schreifprozess, ass e Versuch, vun deenen Andréck ze temoignéieren, déi d'Sprooch eben net duerstelle kann.

Mat senge Skizze wëllt de Peter Handke sech sécherlech net als Kënschtler profiléieren; si sinn Deel vu sengem Schaffensprozess a si ginn him d'Geleeënheet, sech grëndlech mat engem Motiv ze beschäftegen. An engem Gespréich am nachtstudio[3] mam Volker Panzer huet den Handke betount:

"(...) es sind keine Zeichnungen, so Skizzen, um Fotographieren zu vermeiden. - Wenn man zeichnet, bleibt man lange vor einer Sache (...) und man bleibt zwei, drei Stunden und plötzlich sieht man die Krümmung, oder die Verstärkung, oder das was frei bleibt an einem Gegenstand (...)"

Ganz treffend bemierkt den Agamben a sengem Virwuert, dat een Notizen och mam Bléck festhale kann, an datt et dacks schéngt, wéi wann d'Hand et néideg hätt, aus deene gedrängte Reie vu de Buschtawen auszebriechen, fir mat Biller ze verblüffen, Biller, déi sech Zäit huelen, Miniaturen, déi sech subsidiaire zum Handke sengem Wierk betruechten a liese loossen.

D'Momenter, déi den Handke op senge Wanderungen a Spadséiergäng zeechneresch festgehalen huet, si meeschtens vun handschrëftlechen Notizen cernéiert an impregnéiert. Donnéeën wou a wéini hien e bestëmmte Moment bildlech dokumentéiert huet, loosse Réckschlëss zou op d'Géigend, op d'Saison a munchmol och op Zeenen, déi een a senge Bicher untrefft. Hei an do zeechent hien dat nämmlecht Motiv aus verschiddene Perspektiven oder a méi oder wéineger groussen zäitlechen Ofstänn, wéi déi zwee verwielte Blieder tëschent neie Sprëss un engem Käschtebam, deenen hir Transformatioun hien am Ofstand vu Wochen a Méint opgezeechent huet.

Dacks doen dës Biller een Detailer entdecken, déi engem sécherlech beim einfachen Hikucken net opgefall wären. Dobäi staunt een net schlecht, wéi gutt et dem Handke gelongen ass, Motiver detailgerecht duerzestellen, deenen eng gewëssen Dynamik inherent ass, wéi zu Beispill d'Schnéiflacke virun enger Fënster a Südtiroul [32], oder Reen op enger Rees mam Zuch duerch de Friul [33] oder d'Äisnole baussen un enger Fligerfënster [114f]. An dëse Miniature spigelt sech Alldeegleches, et si Begéinunge mat Niewesächlechkeeten, vun deenen d'Zomm awer eisen Alldag ausmécht. Dem Handke geléngt et deskriptiv a figurativ de Moment a senger Eemolegkeet festzehalen a beim Betruechten d'Géigewaart daueren ze loossen, eng Fäegkeet, déi een an der Hektik vum Liewe séier verléiert a vergësst.

Dëse schéine bibliophille Band gëtt en interessanten Abléck an de kreative Schaffensprozess vum Literaturnobellaureat 2019.

''Zeichnungen" vum Peter Handke, ass beim Münchener Schirmer/Mosel Verlag ze kréien.


[1] Österreichische Nationalbibliothek, https://handkeonline.onb.ac.at/node/90 [November 2019]

[2] Jung und Jung, Salzburg / Wien 2016, ISBN 978-3-99027-083-7

suhrkamp taschenbuch 4883, Erschienen: 12.11.2018, Taschenbuch, 426 Seiten, ISBN: 978-3-518-46883-8

[3] Peter Handke - nachtstudio Gespräche (2008), Moderation Volker Panzer, www. youtube.com/watch [November 2019]

An der Mediathéik:

Kultur / / Léon Rinaldetti
Lauschteren

Méi zum Thema

Peter Handke - Don Juan
Een Thema, e Buch

Dem Nobellaureat Peter Handke säin Don Juan entsprécht net an alle Punkten deem sengem eegene Mythos vum Fraeverféierer. Kann et sinn, datt vläicht dem Molière an dem Mozart hir Don Juanen déi falsch waren?

Sofia Aouine - Rhapsodie des oubliés
Literatur

Deelweis zu Lëtzebuerg geschriwwe vun der Paräisser 100,7-Korrespondentin: Fir hiren autobiographesche Roman "Rhapsodie des oubliés" gouf d'Sofia Aouine viru kuerzem mam Prix de Flore ausgezeechent.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen