Gezeechent Yoshiharu Tsuge - Rote Blüten

De Yoshiharu Tsuge gëllt a Japan als Klassiker vum alternative Manga, am Westen ass hien awer bis haut kaum bekannt. Mat Rote Blüten, enger Sammlung vu Kuerzgeschichten aus de 1960er, kann een dat elo nohuelen.

Jeff Thoss / cbi

Rote Blüten

Dem Yoshiharu Tsuge seng Mangae spille meeschtens um Land, an engem traditionelle Japan, duerch dat verluere jonk Männer op der Sich no hirer Plaz an der Gesellschaft reesen. Den Zeechner verschafft hei eegen Erliefnisser an erzielt vu Mënschen, déi sech am neien, moderne Japan nom zweete Weltkrich net erëmfannen.

Et sinn awer keng duerch an duerch realistesch Mangaen, well vill mat Metaphere geschafft gëtt an een ëmmer erëm op surreal Iddie stéisst - wéi zum Beispill e Jong, deem seng blesséiert Oder um Aarm wéi eng Waasserleitung "zougeschrauft" gëtt.

Och den Zeechestil vermëscht quasi-naturalistesch Landschaftsbiller mat Symboler esou wéi staark typiséierte Cartoonfiguren. Sou entstinn atmosphäresch immens dicht, ëmmer e bëssi düster a mysteriéis Mangaen.

Heiansdo sinn se vläicht e bëssen ze rätselhaft an einfach onverständlech, mee am grousse Ganze lount et sech, mam Yoshiharu Tsuge e wichtege Mangaka vun der Nokrichszäit nei oder erëm ze entdecken.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Révolution I. Liberté
Gezeechent

Obschonn dës BD schonn 2019 erauskoum, ass se der Wäert entdeckt ze ginn, se krut nämlech zu Angoulême de Präis fir déi bescht BD. Et ass den éischten Deel vun enger Trilogie iwwer déi Franséisch Revolutioun

Liv Strömquist

E Comic-Essai iwwer Léift, dee Philosophie, Soziologie, Geschicht a Popkultur verbënnt, mat ville wichtege Gedanken a Froen, déi een ureegen, doriwwer nozedenken.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen