Kappkino Wou ginn Elteren nuets hin?

Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vun der Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.

Exklusiv 16ca6722-5d9f-4af9-8579-3ab13ae038fb.jpeg

"Ech gesi wéi meng Mamm d'viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet ...

An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech, wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréit."

Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch déi eng Nuecht, déi, wou d'Eltere fortginn. Sidd ganz Ouer, lauschtert d'Geschicht, verfollegt déi sensibel Inzenéierung, déi virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelungenen, kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Dëst ass eng Produktioun vun Openscreen a Co-produzéiert vun Op der Schmelz a CNA.

Lauschteren

Méi zum Thema

Benjamin Maack Benne Ochs
Literatur

Den däitsche Schrëftsteller Benjamin Maack beschreift a sengem Buch "Wenn das noch geht, dann kann es nicht so schlimm sein", d'Erfarungen déi hien a senger Depressioun duerchmécht.

Olivier Garofalo
Kultur

Den Olivier Garofalo ass Dramaturg an Dramatiker um Rheinisches Landestheater Neuss. Mir hu mam Lëtzebuerger Dramaturg geschwat. Hie mécht sech Suergen ëm déi eegen Existenz an déi vum Theater.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen