Jiro Taniguchi/Jinpachi Mori, Benkei in New York Wéi e Film noir vum Akira Kurosawa

Bekannt ass de Jiro Taniguchi fir seng roueg a kontemplativ Mangaen. Benkei in New York gehéiert do net dozou; et handelt sech hei ëm eng Gangstergeschicht, déi den Taniguchi an de 1990er op Basis vun engem Zenario vum Jinpachi Mori gezeechent huet an déi elo iwwersat gouf.

Jeff Thoss / cbi

Benkei in New York

Alles dréit sech ëm de Benkei, ee Japaner, deen zu New York lieft an hanner enger onscheinbarer Fassad direkt zwee Geheimnisser verstoppt: hien ass esouwuel als Konschtfälscher wéi als Optragskiller a "Racheengel" gefrot. A siwe Kapitele féieren Taniguchi a Mori duerch dem Benkei seng Welt an erschafen eng Mëschung aus Film Noir, Mafia-Epos a Samurai-Geschicht.

Wat de Benkei undreift, gëtt een ni esou ganz gewuer. Am Mëttelpunkt vum Manga sti seng extravagant Missiounen, déi "Benkei in New York" méiglechst spektakulär inzenéiert. Hei kann een och dem Taniguchi seng fein Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge mat hiren detailléierten Hannergrënn, déi vill zur Atmosphär bäidroen, erwänen.

Vun de Klischeeë bei de Figuren, an där net ëmmer plausibeler Handlung, dierf ee sech net oflenke loossen. "Benkei in New York" funktionéiert ganz nom Prinzip "style over substance".

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Peau d'Homme
Hubert & Zanzim, Peau d’Homme

"Peau d'Homme" spillt an der Renaissance an erzielt awer eng Geschicht fir eis Zäit. D'Handlung kéint direkt aus enger Shakespeare-Comédie sinn. Eng BD, déi mat Momenter e bëssi plakativ ass, mee ni ouni Charme a Witz.

Unfollow
Lukas Jüliger - Unfollow

Mat engem rouegen a "léiwe" Stil gelëngt et dem Lukas Jüliger eng ëmmer méi onheemlech a grujeleg Atmosphär ze erschafen. Eng Fiktioun, déi heiansdo geféierlech no un der Realitéit ass.

Net verpassen

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen