Literatur "Wat, wann een net einfach vergësst?"

Wéi geet et no engem Attentat fir déi Betraffe weider? Wéi ännert sech d'Liewe vun der Famill an de Frënn vun de Verstuerwenen? Déi Fro versicht de Nuruddin Farah a sengem neie Buch ze beäntwerten. Mir waren zu Münster, wou de somalesche Schrëftsteller "Hiding in Plain Sight" virgestallt huet.

Charlotte Wirth, md

Hiding in Plain Sight
"Hiding in Plain Sight" wier e Roman géint d'Vergiessen, esou den Auteur.

"Hiding in Plain Sight", dat ass d'Geschicht vun der Fotografin Bella, déi no de Kanner vun hirem Brudder muss kucken. De Brudder Aar ass bei enger Attack vun der terroristescher Organisatioun Al-Shabaab op en UN-Gebai an der somalescher Haaptstad Mogadischu gestuerwen.

Eng Attack, wéi se a Somalia net seelen ass a wéi se och schonn an ähnlecher Form geschitt ass. Eréischt am Juli vun dësem Joer koum et um Fluchhafe vu Mogadischu zu engem Kamikaze-Attentat vun Al-Shabaab.

Thematiséiert gëtt an "Hiding in plain Sight" awer manner d'Attack u sech, wéi dat, wat duerno kënnt, erkläert den Auteur Nuruddin Farah. "Du sëtz zum Beispill um néng Auer Owes doheem a lauschters d’Noriichten a gesäis, datt e Selbstmordattentäter 50 Leit ëmbruecht huet. Dann denks du eng Minutt oder zwou driwwer no an du fluchs." Mee da géing een et ganz séier erëm vergiessen, seet de Schrëftsteller.

Géint d'Vergiessen

Aus deem Grond setzt de Nuruddin Farah do un, wou d'Vergiessen ufänkt. Nämlech bei deem, wat no der Katastroph geschitt. Hie freet, wat mat deene geschitt, déi net kënne vergiessen, well hiert Liewen op d'Kopp gestallt gouf. Wéi geet d'Liewe fir déi Mënsche weider, déi ee Mënsch verluer hunn, dee si gär haten?

Nom Doud vun hirem Brudder huet sech fir d'Bella, eng somalesch Fotografin, déi zu Roum wunnt, d'Liewen op ee Schlag geännert. Si geet op Nairobi fir no de Kanner vum verstuerwenen Aar ze kucken. D'Mamm huet d'Famill scho viru laanger Zäit verlooss. Op eemol kënnt si aus England zeréck fir d'Kanner sichen ze kommen. Tëschent deenen zwou Frae brëcht ee Sträit iwwert d'Suergrecht aus.

"Hiding in Plain Sight" ass virun allem eng Geschicht iwwer Léift an Trauer, iwwert den Ëmgang mam Doud a mat der Vergaangenheet.

E Portrait vu Somalia

Iwwert d'Geschicht vum Bella gëtt de Lieser awer vill iwwer Somalia gewuer. D'Heemechtsland, aus deem de Nuruddin Farah jorelaang exiléiert war. Wéinst sengen Aussoen iwwert de fréiere Staatspresident Mohamed Siad Barre war hien - an Ofwiesenheet - zum Doud veruerteelt ginn.

Zënter deem huet hien eng ambivalent Bezéiung zum Land um Horn vun Afrika an deem sengen Awunner. "Somalier sinn destruktiv, possessiv, siche Sträit. Si faalen op." Och dorëms géing et an "Hiding in Plain Sight" goen. Trotz sengem Exil dréinen all dem Nuruddin Farah Bicher sech ëm Somalia. Seng Protagonisten hunn dacks e kosmopoliteschen Hannergrond, an dee géing d'Séil vu Somalia erëmspigelen, esou de Nuruddin Farah.

Somalia läit no beim Noen Osten, d'Awunner hätten ëmmer méi mam Yemen ze di gehat wéi mat den Nopeschstaaten an Afrika. Besonnesch Mogadischu wier schonn zënter dem 8. Joerhonnert eng kosmopolitesch Stad gewiescht an där Perser, Araber, Portugisen, Inder a Somalier zesumme gewunnt hunn.

Wat d'Mënschen a Somalia géing verbanne wier d'Sprooch, seet de Nuruddin Farah. Somalia ass ee vun den eenzegen Staaten um afrikanesche Kontinent, an deenen eng eenzeg Sprooch geschwat géif ginn. Somalier wier een, wann ee Somalesch kéint.

Haut géing awer net méi jiddereen dat esou gesinn. "Haut menge blöd, bornéiert Leit a Somalia, datt et méi wichteg ass, zu wat fir engem Clan ee gehéiert." Och dat gëtt an "Hiding in Plain Sight" thematiséiert. De Nuruddin Farah wëll dës Denkweis a sengem Schreiwen entlarven.

"De Westen huet e falscht Bild vu Somalia"

Dem Nuruddin Farah ass eppes besonnesch wichteg: de Weste misst méi Versteesdemech fir Somalia an déi somalesch Kultur weisen. Den Auteur bedauert d'Onwëssen iwwer Somalia a falsch Duerstellungen an de Medien, déi dacks vun der Kolonialzäit gezeechent wieren. Mat senge Bicher wéilt hien d'Land esou weisen, wéi et wierklech ass, sou wéi hie säin Heemechtsland géing kennen. Mat senge reliéisen, politeschen a kulturelle Problemer. An esou ass och "Hiding in Plain Sight" en éierleche Portrait vu Somalia an de Somalier.

Dobäi wier d'Buch bal net publizéiert ginn, well d'Geschicht vum Attentat fir de Nuruddin Farah perséinlech eng batter Realitéit ginn ass. Seng Schwëster ass bei engem Attentat an der afghanescher Haaptstad Kabul ëmkomm wéi hie säi Manuskript beim Editeur ofginn hat. "Datt mäi Schreiwe Realitéit ginn ass war e Problem fir mech. Hiren Doud huet mech därmoosse getraff, datt ech d’Buch bal zeréck gezunn hunn".


"Hiding in Plain Sight" ass beim Verlag Penguin Random House erauskomm. Op däitsch ass de Roman ënnert dem Titel "Jenes andere Leben" (Suhrkamp) publizéiert ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Hate Radio  Daniel Seiffert.jpg
Hate Radio

De Genozid vu Ruanda gouf zum Deel duerch e Radiosender erméiglecht, deen de Public systematesch indoktrinéiert huet. "Hate Radio" stellt eng Emissioun no. Mat Schauspiller, déi deemools Zeie waren.

Nuruddin Farah
Literatur

De somaleschen Auteur Nuruddin Farah ass ee vun de bekanntesten afrikanesche Schrëftsteller. A senge Romaner steet hie senger Heemecht dacks kritesch géintiwwer. Dofir lieft hie scho laang am Exil.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen