Emissioun Wat leeft op dengem Sonndeg, Sandra Biewers?

No dräi Kaffie kënnt si "mol a Gang", seet d'Kënschtlerin. Weekends hëlt si sech gären Zäit fir sech, geet an d'Sauna oder trëfft sech mat Frënn. Zanter engem Joer huet si och eng nei Leidenschaft entdeckt, nämlech d'Medical Tattoos. Wat dat genau ass huet si eis erkläert.

Tessy Steffen Koenig / jod

Sandra Biewers

Ganzen Interview


"Sonndes ass manner Drock an alles leeft méi lues," seet d'Kënschtlerin. Fir d'Sandra Biewers ass et wichteg, op "fräien" Deeg eppes fir sech ze maachen an nees Energie ze tanken. Si ass eigentlech ëmmer am Beruff dran a mécht dee mat grousser Passioun.

Zanter engem Joer huet si eng nei Leidenschaft entdeckt, nämlech d'Medical Tattoos. Dat sinn Tattooen, déi zum Beispill fir d'Rekonstruktioun vu Bouten no enger Masektomie gestach ginn. D'Sandra Biewers wëllt deene Leit hëllefen, déi eng Broscht hu missen ewech gemaach kréien. No esou Erliefnisser hätte vill Persounen d'Selbstvertraue verluer oder kéinten sech net méi am Spigel kucken. Si wéilt hinnen neit Vertrauen a sech schenken.

De Päiperlek als Symbol

Nieft hirem Studio "Inktologie" zeechent déi jonk Kënschtlerin awer och vill a mécht Installatiounen. Ee Motiv, dat dacks erëmkënnt ass dat vun engem Päiperlek.

"2012 war ech um Jakobswee an iergendwéi hunn ëmmer Päiperleke viru mir gedanzt. Dunn ass mir opgefall, datt wann ech laang keng Päiperleke gesinn hunn, hunn ech mech verlaf."

Ganz spannend fënnt d'Sandra Biewers och hir Metamorphos, déi een och op de Mënsch iwwerdroe kéint.

"Wa Raupe poppen kascht dat si eng onendlech Kraaft. Wann een hinne géif hëllefen, géife si stierwen. Si mussen also duerch dee Prozess goen."

Méi zum Thema

Marc Barnig
Emissioun

E Kino praktesch virun der Hausdier. Dat war d'Iddi vum Marc Barnig. Virun zéng Joer sinn d'Bierger zu Koler an enger Versammlung gefrot ginn, wat si sech fir hir Gemeng géife wënschen a wéi ee se méi attraktiv kéint maachen.

Bëschcrèche
Reportage: Bëschcrèche zu Schëffleng

Kanner hunn en natierlecht Bedierfnes, fir sech ze beweegen. Mir waren an d'Bëschcrèche op Schëffleng kucken, wéi den Alldag do ausgesäit, a wéi do bei de Bëschzwergen gelaf, gerolzt a gebastelt gëtt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen