Abstrakt Konscht Wat huet de Pierre Soulages esou besonnesch gemaach?

De Pierre Soulages war bekannt fir seng schwaarz, balkenhaft Wierker. De Moler, deen d'Faarf Schwaarz mat der Luucht zesummebruecht huet, gëllt als ee vun de gréisste franséische Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wat mécht seng Wierker esou besonnesch?

Sophie Schroeder / sam

Pierre Soulages am Oktober 2010
De Pierre Soualges am Oktober 2010 virun engem vu senge Wierker. Foto: picture-alliance / Eventpress Herrmann

Vill franséisch Medie bezeechnen de Moler, deen d'Faarf Schwaarz mat der Luucht zesummebruecht huet, als ee vun de gréisste franséische Kënschtler vum 20. Joerhonnert.

Vu villen Experte gouf hie scho fréi als dat europäescht Géigegewiicht zu den amerikanesche "abstrakten Expressionisten" ugesinn. Seng schwaarz, kalligraphiehaft Formen si schnell zu sengem Markenzeeche ginn. Seng Reflexioune vun der Faarf Schwaarz huet hien "outrenoir" genannt.

Lauschteren

Wierker, déi fir sech selwer stinn

Scho vu klengem un huet hien ugefaangen all Dag ze molen. Virun allem wollt de Pierre Soulages Wierker schafen, déi näischt representéieren, mee nëmme fir sech selwer stinn. Hien huet eng abstrakt Konscht ugestrieft, an et war d'Aufgab vum Observateur, seng eegen Interpretatioun mat eran ze bréngen.

2019 ass eent vu senge Wierker am Louvre zu Paräis fir 9,6 Milliounen Euro verkaaft gi - ee Weltrekord. De fréiere Weltrekord louch hei bei 9,2 Milliounen Euro fir eng Leinwand, déi 2018 zu New York verkaaft ginn ass.

Am Mee 2014, deemools am Alter vu 94 Joer, hat de Pierre Soulages déi grouss Éier, zu Rodez, senger Heemechtsstad, un der Aweiung vun engem Musée deelzehuelen, dee ganz sengem Wierk gewidmet ass.

Méi zum Thema

basquiat warhol Collaboration No.19.JPG
Molerei

De Jean-Michel Basquiat ass als "enfant terrible" an der Konschtszen vun den 80er Jore bekannt. Bis de 4. Juni kann een 20 vu senge Wierker an der Zidoun-Bossuyt Galerie am Gronn gesinn.

craig.jpg
Craig Hanna am MNHA

Enn 2015 huet de Musée National d'Histoire et d'Art du Luxembourg mat "Arrangement of Dancers" e wichtegt, monumentaalt Wierk vum H. Craig Hanna a seng Kollektioun opgeholl. Lo gëtt eng Monographie vun him gewisen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen