Literatur Wann d'Realitéit d'Fiktioun anhëlt

De Mënsch ass ëmmer méi der Technik ausgeliwwert. De Karl Olsberg beschreift dat a sengem neie Roman "Mirror". Wéi säi Buch erauskoum, war een Deel vun der Handlung scho Realitéit. Ee Grond ze fäerten?

Nathalie Bender / ys

Karl Olsberg
De Karl Olsberg bei enger Liesung an engem Elektronik-Geschäft (Foto: picture alliance / Henning Kaiser)

Deen neie Roman vum Karl Olsberg ass eng Dystopie, an där de Mënsch ëmmer méi der Technologie ausgeliwwert ass. D'Inspiratioun kënnt aus dem Alldag.

"Mir kennen alleguer d'Navigatiouns-Systemer, déi eis vun A op B guidéieren. A mir tendéieren alleguer dozou, deem Gerät blann ze vertrauen", erkläert de Karl Olsberg. Mir wieren eis net bewosst, datt all déi elektronesch Geräter ronderëm eis ëmmer méi zu Navie fir dat ganzt Liewe géife ginn.

Rosa-roude Google-Brëll

Facebook a Google géifen ëmmer méi fir eis decidéieren, u wéi eng Frënn mir grad géifen denken, wat wichteg fir eis wier, a wéi mir d'Welt gesinn. Deene meeschte Leit wier net bewosst, datt déi zwou Firmae géife probéieren, dat z'optiméieren: "Google gëtt mir ee rosa-roude Brëll op d'Welt, dee mir dat weist, wat ech wëll gesinn." Doduerch géif eist Weltbild verzerrt ginn. A "Mirror" géif deen Effekt sou verstäerkt ginn, datt et zu engem richtege Problem géif ginn.

Niewent der Verzerrung vun der Realitéit warnt den Auteur och virun enger méiglecher Ofhängegkeet vun der Technologie. Et wier wichteg, ee gesonden Ofstand ze halen.

Quasi zäitgläich zur Publikatioun vum Karl Olsberg sengem "Mirror" huet Google säin neie Smartphone Pixel virgestallt. Deen huet verschidde Funktiounen, déi staark un déi vum "Mirror" erënneren. Hie wär méi wéi just iwwerrascht gewiescht, datt d'Realitéit Elementer aus sengem Roman ageholl hätt. Beim Schreiwen hätt hien net dru gegleeft, datt ee scho sou no un deenen Entwécklungen dru wier.

Immunsystem fir Technologie

Als Thriller-Auteur géif et him ganz kloer drëm goen, datt de Lieser Angscht géif kréien, sou de Karl Olsberg. A Realitéit wier hien awer net sou skeptesch, wat Technologie géif ugoen. Technik u sech wier net schlecht, mee si géif falsch genotzt ginn. "Mir verstinn net, wat d'Technik mat eis mécht, well mir nach net d'Immunsystem géint hir Tentatiounen a Geforen entwéckelt hunn."

E-Mailen, déi ee Milliounegewënn verspriechen, géif all Mënsch instinktiv läschen. An anere Beräicher géif dës Zort vun Experienz eis nach feelen. "Ee vu mengen Ziler als Schrëftsteller ass ze soen: Oppassen, net alles wat Dir däi Computer seet, muss du och maachen. Dat kéint och mol no hanne lass goen."


Ënner sengem richtegen Numm Karl-Ludwig von Wendt huet den Auteur eng App entwéckelt, déi de Lien zwëschent elektroneschen a klassesche Bicher mécht. Lauschtert dozou de Reportage vum 22. November.

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Heinz-Christian Strache (FPÖ) a Frauke Petry (AfD) Analys
Wahlen an Éisträich

Virun der Wahl vum éisträichesche Bundespresident beschwéiert sech een FPÖ-Politiker iwwert dee "moderne Wahlkampf". Déi nei Arena ass den Internet. Net jidderee geet domat d'selwecht gutt ëm.

Ciudad Juárez
Lëtzebuerger Literatur

"404 / Navigation Poems" vum Carine Krecké erënnert un e Thriller, an deem den Toun ausgeschalt ass - a bei deem de Spectateur desolat Landschaften, luguber Gestalten a suspekt Zeenen gewise kritt.

Street Ghosts
Konscht am ëffentleche Raum

Déi lescht Woche si mysteriéis Silhouetten op de Mauere vun der Stad opgetaucht. Et handelt sech ëm déi ëffentlech Ausstellung "Street Ghosts" vum italienesche Kënschtler Paolo Cirio.

Virtuellen Assistent Kommentar
Technologie a Literatur

Eng virtuell Assistentin, déi eis Virléifte kennt an eisen Alldag organiséiert: Den neie Google-Telefon erënnert un ee Science-Fiction-Roman vum Karl Olsberg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen