BD vum Mount Wage Slaves

Wage Slaves heescht d'Graphic Novel vun der polnescher Autorin Daria Bogdanska. Déi jonk Fra huet d'Wierk op Schwedesch geschriwwen, entretemps gouf et op Däitsch an op Franséisch iwwersat. De Jeff Thoss presentéiert eis dës gezeechent Geschicht als éischt vun der neier Serie iwwer Graphic Novels am Gespréich mam Nathalie Bender.

Wage Slaves
Foto: Jeff Thoss

An hirer autobiographescher Graphic Novel "Wage Slaves" erzielt d'Daria Bogdanksa vun hirer Studentenzäit a Schweden. Déi jonk Polin kënnt op Malmö fir en Zeechestudium, muss donieft awer schaffen. Well si keng Sozialversécherungsnummer huet an ouni regulären Aarbechtskontrakt och keng kritt, bleift der Daria näischt anescht iwwreg, wéi schwaarz an engem Restaurant ze schaffen. Hei entdeckt si séier, datt aner Immigranten nach vill méi schlecht Aarbechtskonditiounen hunn.

Mee als Member vu der Malmöer Punk-Subkultur weess d'Heldin, wéi ee sech wiert a selwer organiséiert. D'Daria decidéiert, eng Gewerkschaft ze grënnen. "Wage Slaves" erzielt an enger punkeger Schwaarzwäiss-Ästhetik dovun, wéi een als jonke Mënsch eppes géint prekär Aarbechtskonditiounen ënnerhuele kann. Deelweis verdrängt d'Dräiecksbezéiung, an där d'Daria sech befënnt, d'Haaptthema vum Buch, dat anerersäits awer och ni didaktesch wierkt oder d'Gewerkschaftsaarbecht romantesch verkläert. A krazege Biller weist "Wage Slaves" ganz niichter, datt och am Zäitalter vum Individualismus déi al Iddi vun der Solidaritéit nach ëmmer ze gebrauchen ass.

An der Mediathéik:

Gezeechent - d'BD vum Mount / / Nathalie Bender Jeff Thoss
Lauschteren

Méi zum Thema

Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache Buchkritik
Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache

En inspiréierend Gespréich tëschent dem Literaturwëssenschaftler a Lyriker Heinrich Detering an dem bekannten Auteur Daniel Kehlmann. D'Christine Mandy mat engem Liesandrock.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen