Documentaire Vun der Kouwiss bis an de Stade de Luxembourg

D'Geschicht vum Fraefussball hei am Land stécht nach an de Kannerschong. Mat hirem Documentaire "Um Ball" verschaaft déi jonk Realisatrice Tessy Troes e chronologeschen Iwwerbléck.

Michel Delage

Tessy Troes
Tessy Troes

Souguer fir e Mann, deen zu Lëtzebuerg mat Fussball opgewuess ass, bleift d'Thema Fraefussball eng duerchaus flou Ugeleeënheet. Den Auteur vun dësen Zeile ka sech wuel erënneren, datt de Progrès Nidderkuer eng staark weiblech Equipe hat. An datt parallel zum internationale Boom vun deene leschte Joren och hei am Land sportlech Fortschrëtter gemaach goufen, ass schwéier z'ignoréieren.

Mee vill méi wosst ech och net ier ech den Documentaire "Um Ball" gesinn hat. Zum Beispill war mer net bekannt, datt déi éischt Fraeformatioun sech uganks den 1970er Joren zu Biissen gegrënnt hat.

D'Tessy Troes, selwer eng fréier Fussballistin, huet hire Film als Projet am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 realiséiert. "Um Ball" rullt eng - dem grousse Publik gréisstendeels onbekannt - Geschicht chronologesch op: vun der Pionéierzäit iwwer den Engagement vu portugisesche Frae bis hin zu enger Semi-Professionaliséierung vu verschiddene Spillerinnen.

Am 100,7-Interview schwätzt d'Tessy Troes iwwer d'Manéier, wéi si un hire Projet erugaangen ass, iwwer d'Héichten an Déifte vun der Entwécklung vum Fraefussball zu Lëtzebuerg, iwwer de Widderstand vun enger vu Männer dominéierter Fussballfederatioun, iwwer den Interessi fir Sportsdocumentairen...


Den Interview lauschteren


Der Tessy Troes hiren Documentaire "Um Ball" hat seng Première den 20. Oktober zu Déifferdeng. Am Dezember si Seancen a Kinoen uechter d'Land geplangt, duerno a verschiddene Gemengen.

Méi zum Thema

holy-spider-trailer-890x395_c.jpg
Podcast

"Holy Spider" (Ali Abbas), "Boiling Point (Philip Barantini) a "L'école est à nous" (Alexandre Castagnetti). Interview mat der Tessy Troes, Realisatrice vum Documentaire "Um Ball" iwwer de Fraefussball zu Lëtzebuerg.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen