CinEast Vun de sozio-ekonomesche Verhältnisser gedriwwen

"Daybreak" beschreift den Alldagskampf vun enger elengerzéiender Mamm an Albanien. Dem albanesche Realisateur Gentian Koçi ass ee minimalistescht Sozialdrama mat grousser Wierkung gelongen. Aus der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival.

Michel Delage

daybreak_03.png
Ornela Kapetani (Foto: CinEast-Festival)

D'Leta, elengerzéiend Mamm vun engem klenge Kand, hält sech mat Jobben iwwer Waasser. Fir de Loyer geet et awer net méi duer, si muss aus der Wunneng eraus. Bleift just nach d'Appartement vum Sophie, enger eelerer Damm, déi doheem um Stierwe läit an ëm déi sech d'Leta Hallefdaags bekëmmert.

Onbaarmhäerzeg sozial Logik

Den albanesche Regisseur Gentian Koçi (1979 gebuer) beschreift unhand vun deem Fraeportrait déi sozio-ekonomesch Realitéit an Albanien, eent vun den äermste Länner an Europa. "Daybreak" (Dita zë fill) weist, wéi ee sech un der Aarmutsgrenz duerch den Alldag kämpfe muss.

Solidaritéit ass keng Optioun, ënnen op der sozialer Leeder ass een deem anere säi Konkurrent: wéi an där Zeen vu Gedrécks op engem Bus-Arrêt, oder wann d'Leta eng jonk Fra uschmiert, fir seng Plaz ze kréien. Wie sech bei enger Verwaltung oder engem Spidol e Virdeel wëll verschafen oder nëmmen een - eigentlech selbstverständlechen - Zerwiss wëll an Usproch huelen, kënnt net laanscht e Prozentsaz u Schmiergeld.

Déi wichtegst Reegel schéngt ze sinn: sech upassen. D'Leta entscheet sech an all Situatioun fir deen nächste Schrëtt, deen him am logeschsten erschéngt. D'Erzielung zitt dës Logik konsequent duerch, fir d'Absurditéiten ze verdäitlechen, zu deenen d'Verhältnisser d'Mënsche kënnen zwéngen.

Minimalistesche Stil

Den Gentian Koçi setzt op ee ganz minimalistesche Stil. D'Erzielung ass elliptesch (net alles gëtt gewisen, de Spektateur muss sech denken, wat geschitt ass). Anescht wéi bei de Frères Dardenne an hire villen Imitateuren am Beräich vum Sozialdrama, beweegt sech d'Kamera net nervös hin an hier. Dat brauch se och net: d'Leta (iwwerzeegend gespillt vum Ornela Kapetani) bleift stoesch: nëmmen eemol verléiert et d'Nerven, wéi et ënnert der Dusch kräische muss.

Musek gëtt et an "Daybreak" keng. Och d'Dialoge sinn op dat Wiesentlecht reduzéiert. Déi intensiivst Bezéiung - obwuel nëmme wéineg Wierder ausgetosch ginn - entwéckelt sech tëschent dem Leta an der dout-kranker Sophie (Suzana Prifti). Déi eeler Fra ka sech praktesch net beweegen a läit permanent am Bett. Wéi si hir Otemmask ofdeet fir ze stierwen, gëtt si entgéint hirem Wëlle vum Leta gerett. Béid Frae stelle fest, datt d'Thema Euthanasie si matenee verbënnt ...

Suzana Prifti (Foto: CinEast-Festival)

Dem Gentian Koçi ass een impressionnante Film gelongen, dee mat ganz wéinege Mëttelen ee Maximum u Wierkung erreecht. "Daybreak" ass ee gutt Beispill fir e Kino, deen aus der - finanzieller - Nout eraus eng Dugend mécht.


"Daybreak" vum Gentian Koçi leeft an der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival. Ze gesinn ass en nach eng Kéier dëse Mëttwoch 11. Oktober um 21:00 am Utopia.

Méi zum Thema

filthy_01.jpg
CinEast

"Filthy", vun der jonker slowakescher Realisatrice Tereza Nvotová, ass een däischtere Film iwwer Vergewaltegung. Duerch an duerch pessimistesch, mä filmesch gutt ëmgesat, fënnt de Michel Delage.

Tereza Nvotová
Cineast

De slowakesche Film "Filthy" soll d'Diskussioun iwwert d'Vergewaltegung am Land opmaachen, seet déi jonk d'Realisatrice Tereza Nvotová am 100,7-Interview. Et wier dat lescht Tabuthema.

Aurora Borealis.JPG
CINEAST

Den Drama "Aurora Borealis: Northern Lights" vun der Ungarin Márta Mészáros ass ee Spuerespill iwwert d'Opschaffe vu schwéiere Familljegeheimnisser. Kohärent a gelongen, fënnt de Michel Delage.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen