Buchkritik Volker Kutscher - Transatlantik

Deen däitsche Schrëftsteller Volker Kutscher war Invité vum Institut Pierre Werner an der Cité Bibliothéik an der Stad. De Volker Kutscher huet deen néngten Deel vu senger bekannter Krimi-Serie ëm de Polizist Gereon Rath virgestallt. De Roman "Tranatlantik" koum am Piper-Verlag eraus.

Valerija Berdi / jod

Volker Kutscher: Transatlantik

Vun der Juno-Zigarett bis de Max Schmeling, vun Demonstratioune vu Kommuniste bis bei dat schläichend Muechtopkommes vun den Nationalsozialisten: a senger historesch fundéierter Krimi-Serie ronderëm de Polizist Gereon Rath féiert deen däitsche Schrëftsteller Volker Kutscher d'Lieser:innen op Berlin an d'Zäit vun de gëllenen 20er bis kuerz virun den Zweete Weltkrich.

Säin éischt Buch vun dëser Serie "Der nasse Fisch" start am Joer 1929 am Mount Mee, wou d'Police ganz radikal a bluddeg géint Demonstratioune vun der KPD virgaangen ass. Et ass och dee Moment, wou de Rath vu Köln op Berlin versat gëtt.

Politesch Entwécklung als Pilier vum Plot

Elo koum deen néngte Deel vun der Krimi-Serie eraus. Mir sinn an der Tëschenzäit am Joer 1937. D'Weimarer Republik ass laang passé, dem Hitler seng Diktatur huet Auswierkungen op den Alldag vun de Bierger.

Och hei, wéi an all senge Romaner, ass déi politesch Entwécklung an Däitschland, awer och iwwer d'Grenzen eraus, de Pilier vu sengem Plot.

De Gereon Rath, zimmlech an der Traditioun vum "Hardboiled Detective", spillt am "Transatlantik" awer just eng Nieweroll. Dës Kéier steet seng Fra Charlotte am Zentrum vun den Ermëttlungen. Si war fréier d'Stenotypistin vun der Berliner Mordkommissioun.

D'Charlotte ass op der Sich no hirer Frëndin a Matbewunnerin Greta, déi a Verdacht steet, an e Mord verwéckelt ze sinn. Am Laf vum Roman geréit si ëmmer méi a Kreesser vun héichrangegen Nationalsozialisten. De Rath, op deen am Roman virdru geschoss gouf, an deen als dout deklaréiert ginn ass, lieft monter an heemlech zu Wiesbaden.

Wou säi geheimen Openthalt awer riskéiert opzefléien, klëmmt hien an den Zeppelin Hindenburg, dee bekanntlech bei der Landung zu Lakehurst a Flamen opgaangen ass.

Akribesch historesch Recherchen

Iwwerzeegend Nazien, Pseudo-Nazien an Anti-Nazie beweege sech um roude Fuedem vun dëser dach komplexer Geschicht.

Gangster-Juegd zu New York, Mësstrauen a Bedruch an Däitschland, wou de Hermann Göring och eng Roll spillt, akribesch historesch recherchéiert, mat e puer bewosst agesaten Anachronismen, iwwerraschenden Entwécklungen, liest sech de 600 Säiten décke Roman ganz gutt.

Just do ass vläicht de Problem - déi 600 Säiten hätten net misse sinn. Hätt den Auteur op permanent Widderhuelunge verzicht, hätt en sech a senge Lieser:innen 100 Säite spuere kënnen, wat jidderengem, och dem Roman, gutt gedoen hätt. Ech hunn d'Buch gelauschtert an do ass déi wonnerbar Stëmm a Virlieskonscht vum David Nathan eng enorm Beräicherung.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Emil Angel Deemools Buchkritik
Literatur

Dem Emil Angel seng Kuerzgeschichtesammlung "Deemools a menger klenger Welt" (Editions Phi) dréint ëm eng Péitenger Kandheet kuerz nom Zweete Weltkrich, an enger Welt, déi et esou net méi gëtt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen