CinEast 2016 Vill Humor an "It's Not the Time of My Life"

Keng Ënnerstëtzung an trotzdem deen international erfollegräichsten ungaresche Film vum Joer: "It's Not the Time of My Life" vum Szabolcs Hajdu ass en Independent-Film voll drechenem Humor iwwer Koppelen an der Kris. De Cineast léisst net nëmme seng eege Famill optrieden a spillt selwer eng Haaptroll. De Film gouf och an der eegener Wunneng gedréint.

Cleo Thoma / jcm / cwi

I'ts Not the Time of My Life
It's Not the Time of My Life. Foto: Cineuropa

It’s Not the Time of My Life” dierft dee bëllegste Long métrage gewiescht sinn, deen dëst Joer an Ungarn realiséiert gouf. Aus iergend engem Grond krut de Szabolcs Hajdu, deen awer am Beräich vum Autorekino schonn déi eng oder aner Trophée gewonnen huet, ganz genee Zero-Ënnerstëtzung fir dëse Projet. An esou huet hien de Film privat finanzéiert an eng 10.000 Euro dra gestach. All d’Schauspiller sinn entweder Famill oder Frënn. Ironescherweis ass et deen international erfollegräichsten ungaresche Film vum Joer ginn.

Klassesch Konfliktsituatiounen

Déi lakonesch Formule “It’s Not the Time of My Life” kéint souwäit all Personnage am Film op seng jeeweils eege Situatioun bezéien. Et geet u mat engem fënnefjärege Bouf, deen op engem Kanapee ronderëm spréngt an zilstrebeg mat engem Bengel-ähnlechen Objet op d’Këssen an anert Gerät aschléit. Gläichzäiteg beschreift deem Klenge seng besuergte Mamm enger Frëndin, datt de Jong vun Zäit zu Zäit Blärkrise mécht, awer där richteg hefteger. Krise fir direkt mat himm an d’Urgence ze fueren, wou awer wéi et schéngt näischt festgestallt ka ginn. Dee fënnef Joer ale Bruno, dee souvill Zodi mécht, gëtt interpretéiert vum Realisateur sengem eegene Bouf, dee sengersäits am Film och de Papp vum Kand, an de Mann vu senger Fra - och där Eegener am wierkleche Liewen - spillt.

Datt de Bouf sech esou opféiert bitt Ulass fir Gegranz a géigesäiteg Virwërf tëscht den Elteren. Si géifen him ze vill duerchgoe loossen. Eng klassesch Konfliktsituatioun. Mee éier sech déi Diskussioun esou richteg developpéiere kann, schellt et un der Dier. Dobausse steet Famill, der Fra hir Schwëster, mat Mann a Kand. Dat Kand ass iwwregens och dem Cineast an der Haaptactrice hir eegen Duechter.

Wéi en John Cassavetes-Film

Dës Famill hat versicht, ausserhalb vun Ungarn, a Schottland, Fouss ze faassen. Dat huet, wéi et schéngt, net wierklech geklappt. Si sinn elo nees do, kee roude Su an der Täsch a keen Daach iwwert dem Kapp. Dorfir awer esou munnech eegene Konfliktstoff an der Valiss. En Adultère, Jalousien a Rivalitéiten, net ëmmer dat bescht Geschéck bei der Kannererzéiung ... Wuel réckelt een zesummen, mee ganz glat erof geet dat net.

Rancune briechen eraus, Reproche gi formuléiert. Et kënnt vill Gesouers vu Säite vun de Männer. D’Kanner sinn net déi braavst. Alles dat ergëtt eng Serie u Situatiounen, déi een ënner aneren Ëmstänn villäicht als deprimant emfanne kéint. Mee et kritt ee vill ze schmunzen an ze laachen. Dëst doduerch, datt ee sech dach ëmmer mol erëm mat de Film-Figuren, ënnert deenen et esou richteg mënschelt, identifizéiere kann. An och, well de Film gutt garnéiert ass mat dréchene Commentairen. A vu bausse gesi sinn d'Remärquelcher an anere verbale K.O.-Schléi, déi d’Protagonisten a Protagonistinnen ënnereneen austauschen, immens komesch. “It’s not the time of my life” erënnert staark un John Cassavetes-Filmer.

Méi wéi gefilmten Theater

Ausgangspunkt fir de Film war en Theaterstéck, dat de Szabolcs Hajdu geschriwwen, an op der Bühn mat deene selwechte Leit an Zeen gesat huet. Wat hie bei senger eegener Adaptatioun gutt hi kritt huet, ass datt et eben net wéi gefilmten Theater wierkt. Och wann de komplette Film sech an engem eenzegen Dekor, dem eegenen Appartement ofspillt. Dat awer aus enger ganz ofwiesslungsräicher an och flott mateneen agencéierter Constellatioun vu Raim besteet.

Interessant ass an deem Kontext och d’Tatsaach, datt de Cineast, deen och Filmprofesser ass, als Kameraleit fir dëse Projet net manner wéi 13 vu senge Studentinnen a Studenten engagéiert huet. Eppes, wat een deem professionell realiséierte Film nawell net ugesäit. Um Internationale Filmfestival vu Karlovy Vary, wou “It’s not the time of my life” dëst Joer seng Weltpremière gefeiert hat, woussten een dat alles ze schätzen: De Film gouf mat Präisser iwwerheeft.


"It's Not the Time of My Life leeft am Kader vum CinEast-Festival e Méindeg 17. Oktober um 21 Auer am Cine Utopia.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Ulrich Matthes
CinEast 2016

De lettesche Film "Exiled" weist mat vill Humanismus an Empathie eng aner Säit vum Éischte Weltkrich. Et wier wichteg, datt dëse Krich net vergiess gëtt, seet den Acteur Ulrich Matthes, deen d'Haptroll spillt.

Mellow Mud
CinEast 2016

Dem lettesche Realisateur Renars Vimba säi Film weist d'Geschicht vun enger couragéierter Teenagerin, déi Verantwortung an hirer klenger Welt iwwerhëlt, fir si virun aneren ze schützen.

Dogs
CinEast 2016

Dem rumänesche Realisateur Bogdan Mirica säi Film spillt am post-kommunistesche Rumänien. "Dogs" erzielt vun engem privilegéierte Stater, deen déi wëll rumänesch Landschaft entdeckt.

Andrzej Wajda
CinEast 2016

De CinEast-Festival dediéiert dem polneschen Cineast Andrzej Wajda eng Retrospektiv. Si war fir säi Gebeurtsdag geduecht. Elo ass si awer posthum, de Cineast ass während dem Festival verstuerwen.

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen