Filmkritik Viceroy's House - méi wéi eng Geschichtsstonn iwwer Indien a Pakistan

D'Gurinder Chadha gëtt Ablécker an déi lescht Woche vum britesche Räich um indesche Subkontinent. Een differenzéierte Film géigeniwwer den Englänner, deen zum Deel mat ëffentlech unerkannten Helde vun der Politik ofrechent a si demystifizéiert.

Tom Dockal / fk

Viceroy's House
Foto: Pathé

D'Geschicht vum britesche Kino an Zesummenhang mat senger kolonialer Geschicht ass eng delikat an net ganz onproblematesch Affär. Villes ass zënter den Ufäng vun der Filmgeschicht geschitt, wat d'Representatioun vun dëser Epoch ugeet. D'Zäite vu plomper Propaganda-Aarbecht fir den Empire si wäit ewech.

D'Gurinder Chadha, Realisatrice mat indeschem Vermiechtnes, ass 1960 zu Nairobi op d'Welt komm, mä an England opgewuess. Si huet déi beschte Viraussetzungen, fir sech méi nuancéiert mam Thema ausenanerzesetzen. An hire Filmer goung et ëmmer erëm ëm d'Communautéit op der Insel, déi aus Indien staamt. Zum Beispill am Film "Bend It Like Beckham", "Bhaji on the Beach", oder op eng méi literaresch Aart a Weis a "Bride & Prejudice". An elo méi historesch zentréiert am Film "Viceroy's House".

Synopsis

An dëser moderner Historieschank geet et ëm de leschte stellvertriedende Vizekinnek an der Zäit nom Zweete Weltkrich. De Viceroy an der englescher Kolonie ass de Lord Louis, genannt Dickie Mountbatten. Seng Fra heescht Edwina. Gespillt gëtt d'Koppel vum Hugh Bonneville an der Gillian Anderson, zwee Staren aus Downton Abbey an den X-Files.

D'Aufgab vum Viceroy ass kloer. D'Krichsjoren hunn nawell un de Finanze vum britesche Räich geknat, an op eemol soll dem enorme Land um asiatesche Subkontinent d'Onofhängegkeet erkläert ginn. D'Famill Mountbatten gëtt sech interesséiert an engagéiert hirem Personal an de lokalen Awunner géigeniwwer. Mä d'Situatioun ass méi komplex wéi erwaart a riskéiert hinnen duerch d'Fangeren z'entwutschen. Dat féiert zu massiven, biergerkrichsähnlechen Zoustänn. De Mountbatten sëtzt ëmmer nees mam Nehru, dem Ghandi an dem Jinnah um Dësch, fir no engem Kompromëss fir d'Zukunft ze sichen.

Mä alles deit dorop hin, datt d'Grënnung vun engem muslimesche Pakistan onëmgänglech ass. Matzen an dësem groussen historesche Moment mussen zwee Diener aus dem Vizekinnek sengem Haus, eng verléifte Koppel, hien Hindu, si Moslem, kucken, wou se bleiwen.

Een ambitiéise Projet

Et ass kloer, firwat sech d'Realisatrice Gurinder Chadha vun dëser Thematik ugezu fillt. D'politesch Decisioun, fir Indien opzesplécken a Pakistan entstoen ze loossen, huet fir déi gréissten Auswanderung nom Zweete Weltkrich gesuergt. Och der Realisatrice hir Famill war betraff. De Projet ass ambitiéis: Gläichzäiteg eng pädagogesch Geschichtsstonn halen an do dernieft eng perséinlech Geschicht vu klenge Leit wëllen erzielen. Dat ass éierbar a gutt gemengt, mä dobäi verwässert si awer hir eegen Absichten. Dat féiert dozou, datt engem déi jonk Koppel erstaunlecherweis egal ass.

Colonisateur a Koloniséiert

Wat vill méi schued ass, ass datt d'Realisatrice op ofgelutschte Codë vum historesche Kostümsfilm zréckgräift. Am Joer 2017 hätt ee sech eng méi modern Approche gewënscht. Ëmsou méi, well d'Gurinder Chadha de Kontrast vu Colonisateur a Koloniséierten an Zeen setzt a weist, wéi déi Kategoriséierung lues awer sécher, a virun allem net friddlech, opgeléist gëtt. Déi ausseruerdentlech absurd Situatioun vu Mënschen, déi Joerhonnerten nieftenee gelieft hunn an op eemol e Camp musse wielen, steet an engem komesch onangenehme Kontrast mat der allgemeng faarweger a klassescher Form vum Long-Metrage.

Alles an allem bleift et awer den Englänner géigeniwwer en differenzéierte Film, dee sech net scheit, mat ëffentlech unerkannten Helde vun der Politik zum Deel ofzerechnen a si ze demystifizéieren.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Anthony Hopkins an Emma Thompson an Howards End
Kino

D'Cohen Media Group huet sech eng oppulent Restauréierung vun Howards End geleescht. E Véierelsjoerhonnert nodeems de Film fir d'éischt am Kino war, begeeschtert de Film nach ëmmer.

IT-COMES-AT-NIGHT.jpg
Filmkritik

Amerikanesche Genrekino duerchlieft eng interessant Phase. Ee vu senge Vertrieder ass "It comes at Night" vum Regisseur Trey Edward Shults. En Horrorfilm-Amalgamm, dee méi aktuell net kéint sinn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen