Video VaLibrairie an den CNL-Summerdag
Ursprénglech hat de Centre National de Littérature Wëlles, haut de Summerdag vun der Literatur am Park vum Servais-Haus ze feieren - mat Liesungen, Musek, flotten Echangen, an enger Live-Emissioun vu VaLibrairie. Leider ass dëst Format wéinst den Iwwerschwemmungen an d'Waasser gefall. Mir hunn eis geplangte Literatur-Emissioun trotzdeem gemaach, bei eis um Kierchbierg.

Mir huelen d'Summerfest awer an enger konzentréierter Form bei eis op de Radio. An eiser Literatur-Emisioun VaLibrairie kommen d'Autorinnen an Auteuren mat hiren neie Bicher zu Wuert.
Eis Gäscht sinn:
Nathalie Jacoby, Directrice vum CNL
Susanne Jaspers, Editrice Capybarabooks
Margret Steckel mat hirem Buch "Daisy Fiedler"
Yorick Schmit mat "D'Sandmeedchen"
Anne-Marie Reuter mat "Blue"
Joseph Kayser mat "Lapsuus"
Jeff Schinker mat "Ma vie sous les tentes"
Claudine Muno spillt live Stécker vun hirer neier CD "Are You Still Listening?"
Moderatioun: Valerija Berdi a Michel Delage.