Kultur "Tu préfères" an "Chroniques végétales"

Kraider a Jugendlecher sinn d'Theeme vun den zwou Mini-Serien. Se si kuerz a knackeg a komplett verschidden, mat Episode vu jeeweils véier bis sechs Minutten.

Lara Bousch / cz

chroniques végétales 2 + TU PRéFèRES.png

Déi éischt Serie dréit den Titel: "Tu préfère" op Däitsch "Würdest du eher". D'Djeneba, d'Shai, den Ismaël an den Aladi, si 16 Joer al a wuessen op an engem populäre Quartier vu Paräis.

Déi véier befanne sech matten an der Pubertéit an zéie sech gäre géigesäiteg mat engem Spill op, dat doraus besteet sech absurd Froen ze stëllen, déi en Dilemma duerstellen. Wéi zum Beispill: Häss de léiwer keng Been oder keng Äerm? Häss de léiwer en Job, deens de gäre méchs mam Mindestloun oder e schäiss Job an dofir 10.000 Euro pro Mount? Et ass duerch dëst Spill, wou si sech mat Theemen auserneesëtzen, déi fir si an hirer Pubertéit grad wichteg sinn.

Mee et geet net nëmmen ëm Dommheeten: D'Gespréicher dréien och ëm hir Liewenskonditiounen a sozial Ëmstänn.

D'Serie bréngt et fäerdeg, datt ee komplett an d'Welt vun de jonke mat hire Problemer a Froen andauche kann. D'Kamera ass de Protagoniste ganz no a gefilmt gëtt op deene Plazen, wou déi Jonk eben ofhänken. Um Daach vun hirem Héichhaus, op der Spillplaz vun hirem Quartier oder an hirer Kummer. D'Natierlechkeet vum Schauspill a vun den Dialoger sinn esou iwwerzeegend, datt ee bal mengt, et hätt een et mat enger Dokumentatioun ze dinn. D'Realisateure Lise Akoka a Romane Gueret hunn de Skript opgebaut op Basis vun Austausch an Improvisatioune mat de jonke Schauspiller, déi si scho vun engem aneren Tournage kannt hunn. Hir Spillercher um Rand vun dësem Tournage waren och d'Basis fir d'Iddi vun der Serie "Tu préfères". D'Serie bréngt een zréck zu senger eegener Pubertéit, och wa se deelweis ganz anescht war wéi déi vun de véier Personnagen. Hir Dommheeten an originell Ausdréck am Jugend-Slang maachen d'Personnagen zougänglech a witzeg. D'Serie "Tu préfères" ass en erfrëschenden Hybrid mat engem spannende Konzept, déi mat hiren zéng Episode vu jeeweils sechs bis zéng Minutten iwwerzeegt.

Déi zweet Serie kéint aneschters net sinn. Si heescht "Chroniques végétales" op Däitsch "Kräuter-Geschichten". Och hei ginn et zéng Episoden, déi awer net méi laang si wéi véier Minutten.

An deene puer Minutte gëtt allkéier de Portrait vun enger Kraiderplanz gezeechent, déi een deelweis kennt, mee awer och iwwersäit. Zum Beispill d'Brennnessel, d'Pissblumm oder de Borretsch.

Et gëtt erzielt, wou d'Planzen hierkommen, firwat se esou heeschen an natierlech awer och firwat se gutt sinn, wat ee wéi vun hinne benotze kann. Dës Serie ass net nëmmen interessant, well se immens informativ ass, mee och well se flott realiséiert ass. D'Anaïs Bollègue an den Olivier Marcon hu sech Méi ginn, datt d'Serie net dresche gëtt. Esou geet et scho mat engem léiwen Jingel an enger flott Illustréierter Animatioun am Intro un, wou d'Kamera wéi e klenge Scan duerch de Buedem mëscht bis un d'Uewerfläch. Am Buedem wackele lëschteg Kiewerleken, léie vergiesse Schwäerter an Diamanten.

Duerno ass et eng Erzielerstëmm, déi eis duerch eng Mëschung vu Biller a Sounds féiert. Verschidde Biller si ganz no opgeholl fir d'Detailer vun de Planzen an hire Bewunner ze gesinn. Da kommen erëm méi wäit Opname fir och d'Géigend ze beschreiwen, an där d'Planze wuessen. Ënner der Erzielerstëmm läit eng interessant Tounmëschung vu Soundscapes, gemëscht mat e puer synthetesche vun der Natur inspiréierte Kläng. Esou huet een heiansdo liicht Surren oder Klirren an den Oueren, wat den Naturbiller e bëssen eppes Kuriéises an awer och Magesches gëtt. Geschichtlech Kontexter gi mat léiwen Illustratiounen duergestallt. Dës Zeechnunge sinn zwar simpel, mee et si kleng Detailer, an déi deelweis méi naiv Zeechnungen, déi se sympathesch maachen. Et ass awer keng reng Kannerserie. De Wiessel vun de Biller ass roueg an d'Kameraféierung ass och beduecht.

Mat den doucen an atmosphäresche Sounds am Hannergrond hunn déi eenzel Episoden eppes Berouegendes an Zousätzleches zu den interessanten Informatiounen.

Iwwregens een Tipp, dee grad nëtzlech ass fir am Moment an och an engem Episod virkënnt. Spitzwegerich gëtt dacks fir en Onkraut gehalen, mee wann ee seng laang Blieder a Lanze Form op Plaze reift, wou ee vu Mustike gepickt gouf, berouegt se d'Bäissen.

Méi zum Thema

Rote Blüten
Gezeechent

De Yoshiharu Tsuge gëllt a Japan als Klassiker vum alternative Manga, am Westen ass hien awer bis haut kaum bekannt. Mat Rote Blüten, enger Sammlung vu Kuerzgeschichten aus de 1960er, kann een dat elo nohuelen.

Pinocchio Filmkritik
Nei am Kino

Ënner dem einfachen Titel "Pinocchio" realiséiert de Matteo Garrone eng weider Adaptatioun vum Carlo Collodi sengem Klassiker aus der Kannerliteratur, mam Roberto Benigni an der Roll vum Gepetto.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen