CinEast 2016 Tschechesch-slowenesch Space Night

"Houston, We Have a Problem!", eng slowenesch Doku-Fiktioun iwwert de Mythos vum Tito a sengem Weltraumprogramm - an eng restauréiert Versioun vum tschechoslowakesche Film "Ikarie XB1" vu 1963 goufe während der CinEast Space Night an der Cinemathéik gewisen. Ee warnt viru Propaganda, deen aneren ass selwer e Stéck Propaganda.

Jamie Reinert / jcm

Ikarie XB1
Ikarie XB1. Foto: CinEast

De Film "Houston, We Have a Problem!" ënnersicht ee verluerent Kapitel aus dem Kale Krich: Dat vum geheime jugoslawesche Weltraumprogramm a Relatioun mat der Nasa an dem John F. Kennedy. Dem Film no, gouf dëse Weltraumprogramm vum Jugoslaweschen Diktator Josip Broz Tito fir 3 Milliarden Dollar un d’USA verkaf. Als finanziell Hëllef gouf den Amerikaner hir Transaktioun un d’Medie verkaf. Déi Jugoslawesch Technologie hätt dem Film no awer net ewéi versprach fonctionnéiert. D’Relatioun tëscht deenen zwee Länner hätt sech doduerch verschlechtert. Schlussendlech soll ee geheime CIA-Komplott zu der bluddeger Trennung vum post-kommunistesche Jugoslawien gefouert hunn.

Konspiratiounstheorie fidderen d'Imaginatioun

De jonke slowenesche Regisseur Žiga Virc bezeechent säi Film als Doku-Fiktioun. "Houston, We Have a Problem!" erzielt déi symbolesch Geschicht vum Opbau a Verfall vu Jugoslawien. Duerch Interviewe mat fréiere jugoslawesche Geheimagenten an Ingenieuren, déi um Weltraumprogramm matgewierkt hunn, gëtt déi skurril Geschicht op eng humorvoll an ergräifend Manéier erzielt. Obwuel "Houston, We Have a Problem!" op geschichtlechen Evenementer baséiert, goufen natierlech d’Lücke mat Fiktioun gefëllt. An deem Sënn ass de Film no un engem geschichtleche Roman: Et gëtt grouss spekuléiert. Dat awer op eng immens iwwerzeegend Manéier. Den Žiga Virc huet ee klassesche Film an 3 Akte gedréint, mat dramateschen "Twists" a Resolutiounen.

"Houston, We Have a Problem!" hannerfreet d’Interpretatioun vu geschichtlechen Evenementer a veronséchert de Spectateur a sengem Vertrauen zu de Medien an hirer Konstruktioun vun der Realitéit. Wéi de Slavoj Žižek am Film seet

Konspiratiounstheorie sinn Ideologië fir einfach gestréckte Mënschen. Wann et eng immens komplex Situatioun gëtt déi een net verstoe kann, da gëtt engem eng Konspiratiounstheorie eng einfach Äntwert.

Dës fidderen eis Imaginatioun. An d’Imaginatioun ass méi staark wéi ee Koup wëssenschaftlech Dokumenter. Dem Žiga Virc ass et am Film dorëm gaange fir eng kritesch Positioun zu de Medien hirer Perceptioun vun der Realitéit anzehuelen. Anerersäits wollt hien och ee Film maachen deen ee méi breede Public uschwätzt. "Houston, We Have a Problem" gouf um slowenesche Film Festival mam Präis fir de beschte Film präméiert a representéiert Slowenien bei der 89ter Editioun vun den Academy Awards an der Kategorie "Beschten auslännesche Film".

"Ikarie XB1"- e Kultfilm

Den zweete Film, deen am Kader vun der CinEast Space Night an der Cinemathéik war den "Ikarie XB-1". An dësem tschechoslowakesche Science-Fiction-Film vun 1963 gëtt ee Raumschëff am Joer 2163 op ee mysteriéise Wäisse Planéit am Stäresystem Alpha Centauri geschéckt. De Film gëtt dem Public een Abléck an d’Liewe vun der Equipe u Bord a weist, wéi si sech un den Alldag am Raumschëff adaptéirt. De Michal Bregant, Direkter vum Nationale Filmarchiv zu Prag seet, datt dëse Film ee vun de rare Genre-Filmer am tschechoslowakesche Kino ass. E gouf an enger Zäit gedréint, zu där New-Wave-Filmer an der Tschechoslowakei populär gi sinn.

De Film ass och e Paradox: Op där enger Säit huet en een dem Kale Krich entspriechend politesch-ideologeschen Hannergrond. Op där anerer Säit ass et eng gelonge schwaarz-wäiss Wide Screen-Produktioun. Et wier e schéint cinematographescht Wierk, esou de Michal Bregant. De Film war zu senger Zäit esou aussergewéinlech, datt e Kult Status erreecht huet. Hautdesdaags ass de Film interessant ze kucke, well en dokumentéiert wéi een tschechoslowakesche Regisseur sech an den 1960er Joren d’Zukunft virgestallt huet.

Stanley Kubrick an Ridley Scott

Den "Ikarie XB1" huet an der Filmgeschicht eng bedeitend Plaz, well en een immensen Afloss op spéider Filmer a realisateure, wéi de Stanley Kubrick hat. Deemno hätt hien de Film gekuckt, éier en ugefangen huet un "2001: A Space Odyssey" ze schaffen. De Stanley Kubrick huet awer nëmmen déi Versioun vun "Ikarie XB1" gesinn, déi an Amerika distribuéiert gouf. Si ass méi kuerz an anescht opgebaut.

Dem Jindřich Polák säi Film beandrockt duerch eng originell Mise-en-Scène, déi och spéider Filmer wéi dem Ridley Scott säin "Alien" beaflosst huet. Wat nach um Film eraus stécht ass d’Musek. Duerch deels atonal Harmonië vermëscht mat Elektronik, gëtt eng skurril Atmosphär kreéiert, déi de Spectateur mat an de Weltall rappt.

Den "Ikarie XB1" gouf dëst Joer restauréiert. Dëse Summer ass de Film fir déi éischt Kéier zanter 50 Joer zu Cannes virun engem internationale Publikum projezéiert ginn.

Déi zwee Filmer, "Houston, We Have a Problem!" an "Ikarie XB1" passe beieneen, net nëmme well se sech mam Weltraum befaassen. Deen ee warnt virun der Gefor vu Propaganda, deen aneren dréit selwer Propaganda a sech. Béid weisen si, datt duerch d’Ambiguitéit an d’Emotiounen, déi ee Film ausléisen, dat cinematographescht Bild net esou onschëlleg ass, wéi ee mengt.

Méi zum Thema

Kills on Wheels
CinEast 2016

Den ungaresche Killer-Movie kraazt un de Konventioune vu sengem Genre. A "Kills on Wheels" geet et ëm eng mäerderesch Affaire, mat Optragskilleren déi net méi vill ze verléieren hunn.

Todor Matsanov-.JPG
CinEast

De Sozialdrama “Hristo” huet vill Ähnlechkeete mam Film vun de belsche Gebridder Dardenne. Interview mat Co-Realisateur Todor Matsanov.

Mom and Other Loonies in the Family
CinEast 2016

D'Ibolya Fekete léisst bal e Joerhonnert ungaresch Geschicht unhand vun enger Familljechronik Revue passéieren. Véier Generatioune vun, wéi si sech selwer bezeechnen, Mëller, trieden am Film op.

I'ts Not the Time of My Life
CinEast 2016

De Cineast Szabolcs Hajdu léisst an "It's Not the Time of My Life" net nëmme seng eege Famill optrieden a spillt selwer eng Haaptroll. De Film gouf och an der eegener Wunneng gedréint.

Eleven Minutes
CinEast 2016

De polnesche Cineast Jerzy Skolimowski erzielt am Film "11 Minutes" aacht verschidde Geschichten. Et geet ëm Mënschen, déi näischt mateneen ze dinn hunn, obwuel si sech iwwert de Wee lafen.

Ulrich Matthes
CinEast 2016

De lettesche Film "Exiled" weist mat vill Humanismus an Empathie eng aner Säit vum Éischte Weltkrich. Et wier wichteg, datt dëse Krich net vergiess gëtt, seet den Acteur Ulrich Matthes, deen d'Haptroll spillt.

Mellow Mud
CinEast 2016

Dem lettesche Realisateur Renars Vimba säi Film weist d'Geschicht vun enger couragéierter Teenagerin, déi Verantwortung an hirer klenger Welt iwwerhëlt, fir si virun aneren ze schützen.

Dogs
CinEast 2016

Dem rumänesche Realisateur Bogdan Mirica säi Film spillt am post-kommunistesche Rumänien. "Dogs" erzielt vun engem privilegéierte Stater, deen déi wëll rumänesch Landschaft entdeckt.

Andrzej Wajda
CinEast 2016

De CinEast-Festival dediéiert dem polneschen Cineast Andrzej Wajda eng Retrospektiv. Si war fir säi Gebeurtsdag geduecht. Elo ass si awer posthum, de Cineast ass während dem Festival verstuerwen.

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen