Buchkritik Tao Te King, Buch vum Wee

De Serge Tonnar huet vum Tao Te King, engem Klassiker aus dem ale China, eng fräi Nodichtung op Lëtzebuergesch gewot. Zum "Buch vum Wee", wéi den Ënnertitel heescht, huet de Jean-Marie Biwer Aquarelle bäigesteiert. D'Wierk ass 400 Joer virun eiser Zäitrechnung entstanen.

Léon Rinaldetti / cbi

Tao Te King

"Tao Te King" ass ee vun de bekanntsten a verbreetste Klassiker aus deem ale China. Et gëtt geschat, datt dëst Wierk am véierte Joerhonnert virun eiser Zäit entstanen ass. Den Text besteet aus ca 5.000 chinesesche Schrëftzeechen, respektiv aus 81 kuerze Kapitelen. Vum Laotse (iwwersat bedeit den Numm: ale Meeschter), deen den Auteur vun dësem Buch sollt sinn, gëtt ugeholl, datt hie Conservateur vun de keeserlechen Archiven ënner den Zhou war, enger Dynastie, déi vun 1045 bis 221 virun eiser Zäit bestanen huet.

Nodeems hie seng Plaz opginn huet, ass de Laotse no Weste gezunn. Op der Grenz vum Räich soll, der Legend no, en Zollbeamten hie gebieden hunn, säi Wëssen nidderzeschreiwen. Dat huet de Laotse gemaach an esou ass dat Wierk entstanen, dat eis haut virläit. Doropshin ass deen ale Meeschter weidergezunn an et huet een näischt méi vun him héieren.

D'Buch vum Wee a vun der Dugend

Vum "Tao Te King" ginn et haut masseg Iwwersetzungen an alle Sproochen. Eleng op däitsch goufen tëschent 1870 an 2019 eng 114 Ausgabe publizéiert, woubäi déi digital Versiounen net matgerechent sinn.[1] - Dem Serge Tonnar säin "Tao Te King" ass déi éischt Adaptatioun an d'Lëtzebuergescht. Den Tonnar baséiert sech dobäi net op déi chinesesch Originalversioun, mee op verschidden englesch, däitsch a franséisch Iwwersetzungen an Nodichtungen.

D'Schrëftzeechen Tao huet am Chineseschen e puer Bedeitungen: et steet fir Wee, am Sënn vun engem Oflaf oder vun engem Realitéitsprinzip, dat der Natur, dem Universum an also och dem Mënsch inherent ass. Te steet fir Vertu oder Dugend a King fir Wierk oder Klassiker. Tao Te King ass also d'Buch vum Wee a vun der Dugend.

D'Nodichtung vun engem Klassiker

De Serge Tonnar presentéiert senge Lieser e Buch vum Wee, esou den Ënnertitel a léisst hei e Schlësselbegrëff vum Originaltitel an och en Haaptuleies vum Buch aus. Hien offréiert eng fräi Nodichtung, an éier ee sech un d'Lektür vu sengem Buch erumécht, ass et ubruecht, sech ze froen, wat ee vun der fräier Nodichtung vun engem Klassiker, deen eis 2.400 Joer laang erhale blouf, zumindest erwaarde kann.

Och bei enger Nodichtung, déi sech fräi nennt, sech praktesch eng Wildcard ausstellt, kann een, jo muss ee sech déi Fro stellen, aus Respekt virun der Kultur, aus deem dëst Wierk ervirgaangen ass, an dem Stellewäert, deen et iwwer Joerdausende behalen huet.

An deem Sënn ass et sécherlech net ze vill verlaangt, wann déi wesentlech Aspekter vun esou engem Wierk méiglechst onverfälscht an d'Lëtzebuergescht transponéiert an dem Lieser zougänglech gemaach ginn. Dat schëllegt een dem Wierk an dat schëllegt ee geneesou der Sprooch, an déi een de Klassiker iwwerdréit a finalement och a virun allem deem Lieser, deen dësen Text fir d'éischte Kéier virun Ae bruecht kritt.

De Serge Tonnar huet sech vill Fräiheete geholl

Wéi gesäit dat am "Buch vum Wee" aus, dat de Serge Tonnar zesumme mam Jean-Marie Biwer sengen Aquarellen hei presentéiert? Ma fir een, deen dëst Buch vun aneren Iwwersetzungen aus dem Chineseschen hier kennt an an Erënnerung huet, komme scho fréi Momenter, wou ee sech freet, ob een dësen Text dann elo wierklech esou anescht a franséischen, däitschen an englesche Versioune geliest an erfaasst huet.

Wann een dann de Verglach wot, da staunt een net schlecht, wéi vill Fräiheete sech den Tonnar hei hëlt. Emol kennt säin Text no un déi eng oder aner Iwwersetzungen erun, meeschtens awer distanzéiert hie sech vun deem, wat Tao Te King virschléit, oder hie léisst ganz Deeler ewech.

Villes gëtt ausgeklamert

Seng fräi Nodichtung gëtt sech ëmmer erëm interpretativ, statuéiert Modalitéiten (éier et de Lieser ka maachen) mat Formuléierungen déi emol apodiktesch, emol moraliséierend (wat den ursprénglech Text eigentlech verwerft) dohierkommen.

Schliisslech gëtt den Auteur do wou eigentlech d'Idealbild vum weisen, respektiv hellege Mënsch beschriwwe gëtt, sech als deen aus, dee Geboter statuéiert a promulgéiert, woubäi seng zum Deel tendenziéis Formuléierunge Konnotatiounen zouloossen, déi deene vum Laotse entgéintgesat sinn (esou geet beim Serge Tonnar zum Beispill dacks rieds vu Sträit a streiden, wou Handlung oder handele gemengt ass).

Den "Taoismus [...] war eng Géigebeweegung, eng Protest-, respektiv eng Alternativideologie géint déi etabléiert Gesellschaft"[2], mee Theeme wéi Politik a Rëschtung ginn am Serge Tonnar sengem "Buch vum Wee" praktesch ganz ausgeklamert.

Wat dem Jean-Marie Biwer seng Aquarellen ubelaangt, esou si si vum kënschtlereschen Aspekt hier wuel gelongen, mee géif een net wëssen, datt si fir dëst Buch kreéiert goufen, kéint ee si net ouni Weideres mam Tao Te King a Relatioun bréngen.

Et léiert een Tao Te King kaum kennen

D'Initiativ vun enger fräier Nodichtung vum Tao Te King op Lëtzebuergesch ass zwar ze begréissen, mee mam Serge Tonnar sengem "Buch vum Wee" aus den éditions guy binsfeld léiert een d'Tao Te King, wéi de Laotse et hierginn huet, kaum kennen.

Déi bescht Approche fir dësen déifgrënnege Klassiker kennenzeléieren ass, wann ee sech un Iwwersetzungen direkt aus dem Chineseschen hält, déi vu massgebende Sinologen erstallt goufen, wéi zum Beispill déi vum Liou Kia-Hway op Franséisch an disponibel an der Pléiade, déi vum Robert G. Henricks op Englesch, oder vum Hans-Georg Möller bzw. vum Ernst Schwarz op Däitsch.

Et ass bemierkenswäert, datt déi wesentlech a scheinbar géigesätzlech Interpretatioune vun eminenten Experten op dem Gebitt ënnertenee kompatibel sinn, sech ergänzen an och déi dialektesch Déift vum Text reflektéieren.


[2] Hubert Schleichert, Klassische chinesische Philosophie, Vittorio Klostermann 1990.

An der Mediathéik:

Kultur / / Léon Rinaldetti
Lauschteren

Méi zum Thema

Das Ende vom Lied
Gedichter

Eng nei Anthologie mat enger Auswiel vu Gedichter vum Lëtzebuerger Dichter Jean Krier koum bei Editions Phi eraus. Dat neit Wierk gouf am Mierscher Literaturarchiv virgestallt.

Claude Schmit - Parfum de Chasteté
Buchkritik

E gutt situéierte Paräisser Bobo begeeschtert sech op eemol fir sexuell Abstinenz, sou wéi se vun der kathoulescher Traditioun gepriedegt gëtt. De Michel Delage huet "Parfum de chasteté" gelies.

Michèle Frank - Blessures sans cicatrices
Literatur

D'Liewe vun engem manesch-depressive Mann no der Trennung: "Blessures sans cicatrices" (Phi) vun der Michèle Frank behandelt e schwierege Sujet. De Roman ass awer ganz schlecht zesummegebastelt.

Ruta Tannenbaum
Kroatesch Literatur

De Miljenko Jergović hat sech fir säin 2006 verëffentlechte Roman "Ruta Tannenbaum" un der tragescher Geschicht vun der jonker kroatescher Theaterschauspillerin Lea Deutsch inspiréiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen