Konscht am ëffentleche Raum Street Ghosts uechter d'Stad
Déi lescht Wochen si mysteriéis Silhouetten op de Mauere vun der Stad opgetaucht. Et handelt sech ëm d’Expo "Street Ghosts" vum italienesche Kënschtler Paolo Cirio - eng ëffentlech Expo, déi sech der Informatiouns-Gesellschaft kritesch géigeniwwer setzt. Organiséiert gouf d'Ausstellung vum"International Kunstverein Luxembourg".
Den "International Kunstverein Luxembourg" ass d’lescht Joer gegrënnt ginn - eng Associatioun, déi der Directrice artistique Sabine Dorscheid no ëzu Lëtzebuerg bis ewell gefeelt huet: D'Associatioun wier autonom a géif sech dofir vu Muséeën, mee och vu Kënschtlerveräiner ënnerscheeden, bei deenen d'Kënschtler selwer wéilten ausstellen. "Hei sinn et keng Experten, déi sech organiséieren, mee Bierger, déi un zäitgenëssescher Konscht interesséiert sinn." De Kunstverein géif weider kritesch Projeten am ëffentleche Raum plangen, esou d'Sabine Dorscheid. Dëst, zesumme mat de Memberen - déi Zesummenaarbecht géif de Veräin nämlech auszeechnen. Als kënschtleresch Directrice géif si Saache virschloen, ma da géif zesumme gekuckt ginn, wat géif realiséiert ginn.
Street Ghosts
D’Expo "Street Ghosts" ass déi éischt Aktivitéit vun der neier Associatioun. Et ass eng Expositioun am ëffentleche Raum, déi all d’Bierger vun der Stad involvéiert. 35 liewensgrouss Silhouettë vu Passanten, déi op Google Street View fotograféiert goufen, sinn duerch d’Stad verdeelt. Op Pabeier ofgedréckt a mat Pech op verschidde Gebaier affixéiert, sinn dës Gestalten op der geneeër Plaz, op där si vum Google Street View Auto fotograféiert goufen.
De Kënschtler Paolo Cirio huet de Projet realiséiert. D'Silhouettë wiere wéi Geeschter, well d'Biller vun 2009, also aus der Vergaangenheet wieren. D'Leit wiere vu Google benotzt ginn, fënnt de Kënschtler. "Et freet ee sech, ob dëst eng Violatioun vun der Privatsphär ass, och wann ech déi fotograféiert Persounen elo op d'Mauer pechen." De Paolo Cirio freet, aus wat déi ëffentlech Informatioune bestinn an ob si am Internet méi ëffentlech sinn, wéi op de Gebaier vun enger Stad.
Copyright?
Fir de Kënschtler stellt sech och d’Fro, ob hien iwwerhaapt d’Material vu Google Street View benotzen dierf a wat hie mat dëser ëffentleche Matière artistesch kreéiere kann. "Street Ghosts" bréngt als Protest déi virtuell Realitéit vu Google erëm an eng materiell zeréck. Krut de Paolo Cirio keng Problemer well en Donnéeë vum Online Konzern a senger Konscht verschafft? Nee, seet de Kënschtler. Si kéinten näischt soen, well op de Silhouettë wier de Copyright vermierkt. "Et ass immens schwiereg ze bestëmmen, wiem dës Biller gehéieren."
D'Fotoe wieren zwar vu Google geholl ginn, mee och d'Persounen op de Biller hätten ee Recht dorop. Anerersäits wieren d'Biller an der Ëffentlechkeet geholl ginn. Dofir géife si och dem ëffentleche Raum gehéieren, fënnt de Paolo Cirio. De Projet géif deemno eng Fro stellen, déi sech och bei Facebook géif stellen. "Wann eng Foto op Facebook gepost gëtt, wiem gehéiert si? Wie kann doraus Suen zéien?"
D'Virstellung vun der Intimitéit
"Street Ghosts" setzt de Konflikt tëscht privaten a ëffentlechen Interessen iwwert eis Intimitéit am Alldag an Zeen. 2011 sinn an Däitschland an an Indien d’Aktivitéite vu Google Street View verbuede ginn. A ville Länner, Lëtzebuerg mat abegraff, gi vum Online Gigant weider d’Stroossen an d’Passanten ouni hiert Averständnes fotograféiert.
D’Reaktioune vun de Leit déi am Kader vu "Street Ghosts" op de Gebaier ofgedréckt sinn, wiere ganz verschidden: Et géif vun de Leit hirer Virstellung vun Intimitéit ofhänken, erkläert de Kënschtler vum Projet. Verschiddene wier et egal, anerer awer wieren net frou, datt si op de Biller wieren. "Déi meescht verstinn net, datt et vill méi schlëmm ass op Google Street View ze sinn, wéi op der Mauer vun enger Stad." Dee meeschte Feedback hätt de Paolo Cirio awer net vu Leit kritt, déi op senge Silhouetten ze gesi wieren, mee vu Leit, déi op Google Street View wieren, a wéilte fir Street Ghosts hiert Bild op ee Gebai opgepecht kréien.
"Street Ghosts" hat 2012 zu New York ugefaangen. De Projet soll awer weider duerch d’Welt verbreet ginn, well de Succès grouss wier.
D'Silhouettë vu "Street Ghosts" sinn nach bis de 15. Januar uechter d'Stad ze gesinn.